Radioen

On air

Notturno  |  Patsy Cline - Crazy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronn 5.000 Entreprisen hunn eng ze héich Minimalsteier bezuelt

Nom Arrêt vum Verfassungsgeriicht

Ronn 5.000 Entreprisen hunn eng ze héich Minimalsteier bezuelt

Eng 5.000 Entreprisen hei am Land si vum rezenten Arrêt vum Verfassungsgeriicht betraff, an hunn eng ze héich Minimalsteier bezuelt: dës Zuel huet de Gilles Roth an der Sitzung vun der Chamber-Finanzkommissioun genannt. Den neie Finanzminister wollt den Deputéierten awer nach net soen, wéi vill manner Steierrecetten dës Geriichtsdecisioun fir de Staat bedeit. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Ilona Lablaika play_arrow
Foto: Ilona Lablaika / Bigstock

D’Verfassungsgeriicht war den 10. November dëst Joer zur Conclusioun komm, datt et eng Ongläichheet virum Gesetz gëtt, fir eng Rei vu Finanzbedeelegungs-Gesellschaften. Déi minimal Verméigenssteier fir déi sougenannte SOPARFIe kann also net esou oprecht erhale bleiwen, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson no der Sitzung vun de Moien.

"Dat ass elo natierlech nach eng Perte fir d’Staatsfinanzen, mat allem wat elo nach manner u Recettë wäert an den nächste Méint era kommen, souwisou scho vue d’Situatioun, mee awer och all déi Mesuren, déi ugekënnegt sinn."

Och d’LSAP-Fraktioun géif sech Suerge maache, well duerch den Arrêt vum Verfassungsgeriicht a Saache Minimalsteier fir eng Rei SOPARFIen, Recette wäerten ewech falen, esou d’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding.

"Dann ass natierlech och d’Fro hannendrun, wat ass dann elo wa manner Recetten era kommen. Dat ass jo elo de ganz spannende Punkt. Well mir krute kee Chiffer genannt. Et ass awer Rieds vu 5.000 Entreprisen. Et gëtt esou gemunkelt, dass awer hei eng Perte vu Milliounenhéicht wier."

Zukünfteg méi niddreg Besteierungen

D’Steierverwaltung wier mat der Regulariséierung vun der Situatioun vun de ronn 5.000 Gesellschaften am gaangen, esou de Finanzminister Gilles Roth. Fir d’Zukunft sollen déi betraffe Finanzbedeelegungs-Gesellschafte méi niddreg besteiert ginn.

"Ech kann Iech à ce stade, a well dat och net maachen, bis dass déi konkret an definitiv Berechnunge gemaach ginn, kann ech Iech do net den Detail nennen. Et ass esou, datt dës Regierung kloer steet zu der Verméigensbesteierung vun den Entreprisen, an datt dës Regierung och weiderhi kloer zum Prinzip vun der Mindestbesteierung vun den de SOPARFIe steet."

De Finanzminister huet och ugekënnegt, datt wéinst der Geriichtsentscheedung un enger Upassung vum Gesetz geschafft gëtt. Éischt Indikatiounen dozou sollen et beim Vott vum Staatsbudget 2024 ginn, also am éischten Trimester vum neie Joer.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik
Wirtschaft