Radioen

On air

9 bis 1  |  Lucy Dacus - Ankles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Roman Abramowitsch: EU-Geriicht weist seng Plainte of

Agefruerent Verméigen

Roman Abramowitsch: EU-Geriicht weist seng Plainte of

De russeschen Oligarch a fréiere Proprietaire vum FC Chelsea, de Roman Abramowitsch, ass um EU-Geriicht net duerchkomm mat senger Demande. D‘Geriicht um Kierchbierg huet d‘EU-Sanktioune géint de russesche Millionär als rechtméisseg erkläert an domat seng Plainte ofgewisen.

auto_stories

1 min

© dpa | Arne Dedert
(Foto: dpa | Arne Dedert)

Den Abramowitsch ass eng vun de ronn 2.000 Persounen an Organisatiounen, déi wéinst dem russeschen Agressiounskrich an der Ukrain op der Sanktiounslëscht vun der EU stinn, an deenen hiert Verméigen zanter Mäerz 2022 agefruer ass.