Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roby Langers: E Fussballerliewen

Sot emol

Roby Langers: E Fussballerliewen

Wann een zu Lëtzebuerg iwwer Fussball an och iwwer Fussballspiller schwätzt, da kënnt ee ganz bestëmmt net laanscht den Numm Roby Langers. 18 Joer laang war de Roby Langers als Fussballprofi Ambassadeur fir de Lëtzebuerger Fussball, mee awer och fir d’Land.

auto_stories

5 min

headphones

59 min

De Roby Langers am 100,7-Studio. | © radio 100,7 play_arrow
De Roby Langers am 100,7-Studio. (Foto: radio 100,7)

Nieft Lëtzebuerg konnt de Roby Langers seng Passioun, de Fussball, an Däitschland, Frankräich, grad ewéi an der Schwäiz liewen. An dat a Veräiner, déi schonn eng grouss Renommée hunn: Borussia Mönchengladbach, Olympique Marseille,  FC Metz oder OGC Nice, Cannes, d’Eintracht vun Tréier an zu Lëtzebuerg den F91 Diddeleng. A virun allem d’Union aus der Stad, wou alles ugefaangen huet, an och 1998 op en Enn gaangen ass.

De Paul Philipp: Eng 40 Joer laang Relatioun

Nieft de Veräiner kann de Roby Langers awer och op eng flott Zäit an der Lëtzebuerger Nationalekipp zeréck kucken. 73 Mol huet de Roby Langers den Trikot vun de Roude Léiwe gedroen. Mat engem memorabele Match, nämlech 1990 déi knapp 2-3 Defaite géint de Weltmeeschter Däitschland. Eng gefillte Victoire.

De Roby Langers 1991 am Match géint Däitschland géint den Thomas Haessler. De Match goung 4:0 fir déi Däitsch aus. | © picture alliance / Tri Ass | Photographie Tri Ass
De Roby Langers 1991 am Match géint Däitschland géint den Thomas Haessler. De Match goung 4:0 fir déi Däitsch aus. (Foto: picture alliance / Tri Ass | Photographie Tri Ass)

De Paul Philipp war deemools den Nationaltrainer. Virdrun huet de Roby Langers awer och nach zwee Joer mam Paul Philipp an der Nationalekipp zesumme gespillt, a spéider als President vun der FLF hat hien dunn och nach professionell mam Paul Philipp ze dinn.

“Mei hunn eng Relatioun, déi dauert schonn iwwer 40 Joer. Ech hunn nach zwee Joer konnte mat him an der Nationalekipp zesumme spillen, éier hien dunn Trainer ginn ass an du President.(...) Ech weess, wat de Paul kann, wat hie geleescht huet fir de Lëtzebuerger Fussball an nach ëmmer leescht.”

D’Côte d’Azur ass en zweet Doheem

A senger aktiver Karriär huet de Roby Langers och mat grousse Fussballspiller zesummen um Terrain gestanen, wéi dem Lothar Matthäus zu Gladbach oder dem Zinédine Zidane zu Cannes.

Iwwerhaapt huet d’Côte d’Azur dem Roby Langers et ugedoen, a besonnesch un seng Zäit bei OSG Nice erënnert hie sech ganz gären zeréck.

Virun allem un d’Joer 1990, de Barragematch fir an der éischter Divisioun ze bleiwen, tëscht Nice a Stroossbuerg. Ee Match, deen een als Fussballspiller wuel keng zwee Mol erlieft.

“Wann een am wichtegste Match vun der Saison, wou ech auswäerts schonn de wichtegen 3-1 geschoss hat, deen huet duebel gezielt dee Gol. Do hu mir zu Nice mussen 2-0 wannen. Also dat war e Match, um Terrain ware 25.000 Leit, et waren der nach 20.000 virun der Dier. Et war rammelvoll. Et war de Match vum Joerzéngt fir Nice. Wéi gesot, mir hu mussen 2-0  wannen an ech hunn an der éischter Hallschent 4 Goler geschoss. Wann een dat kuckt an zeréck denkt, da seet ee 'mince', dat war awer 'wonderful'"

“Ech hu mussen den Auto stoe loossen”

Esou e Match wéi Nice-Stroossbuerg, dee si um Enn 6-0 gewonnen hunn, erlieft een als Fussballspiller zimmlech sécher just ee Mol am Liewen.

Nom Match war zu Nice esou eng lass, Dausende vu Leit hunn op d’Spiller gewaart an engem Moos, datt de Roby Langers säin Auto huet musse stoe loossen.

“Si houngen um Auto. Ech konnt net fueren, ech hunn e musse stoe loossen. Do sinn Dausende Leit a meng Fra sot, dass mir egal wien dech kësst. Dat war eben esou an do hate mir eng wonnerbar Soirée.”

Nice huet de Lëtzebuerger Fussballer net vergiess

De Roby Langers gehéiert zu Nice an hien ass viru Kuerzem nach fir den 120. Anniversaire vum OGC Nice invitéiert ginn, wou de Lëtzebuerger Fussballspiller dann och eng grouss Ovatioun gemaach krut. Besonnesch déi eeler Leit vun Nice kennen hien nach.

“Déi Jonk, déi kennen de Numm Roby Langers, an da ginn déi op den Internet kucken, da wëssen déi genau wien dat ass. T'ass immens schéin, ganz schéin.”

De Roby Langers am Trikot vum OGC Nice. | © OGC Nice
De Roby Langers am Trikot vum OGC Nice. (Foto: OGC Nice)

“SOS Villages d’enfants”: Eng Häerzenssaach

De Roby Langers war och 1987  Lëtzebuerger Sportler vum Joer, an och no senger aktiver Karriär ass de Roby Langers dem Fussball trei bliwwen a suivéiert schonn déi national an international Fussballzeen a méi wéi ee Mol ass hien och op der Côte d’Azur bei Matcher derbäi.

Da fënnt hien awer och ëmmer nach Zäit fir säi sozialen Engagement, an zwar fir “SOS Villages d’enfants”, wat hie gäre mécht an him och ganz vill bedeit.

“Ech probéieren och ëmmer Leit ze motivéieren, datt si mat maachen. Ech hat d’Chance, well ech vill gereest sinn, dass ech emol an esou Kannerdierfer war, fir mir Gedanken ze maachen.(...) An do hunn ech gesinn, wéi dat do leeft a wéi léif déi Kanner sinn, déi mat enger Mamm an engem Haus wunnen, wéi si der Mamm hëllefen, wéi si probéieren an der Schoul weider ze kommen. Dat huet mech immens motivéiert fir dat ze maachen.”

Maach dat do nach eng Kéier

De Roby Langers kuckt op e räicht Fussballerliewen zeréck. Eng sportlech Karriär, déi op der Unioun an der Stad ugaangen ass, du mat 19 Joer als Profi op Gladbach, dann de ganze Wee, bis et dann 1998 och op der Union op en Enn goung. Wat géif de Roby Langers vun haut dann, wann hien d’Méiglechkeet hätt, dem 19 järege Roby Langers, deen deemools op Gladbach gaangen ass, soen?

“Maach dat do nach eng Kéier!”

Lauschterenplay_arrow