arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Goebbels: Schengen ass trotz Grenzkontrollen net a Gefor

Accord vu Schengen mat ënnerschriwwen

|
reading time

1 min

headphones

7 min

play_arrow

Robert Goebbels: Schengen ass trotz Grenzkontrollen net a Gefor

Och wann et aktuell un der däitsch-lëtzebuergescher Grenz nees Kontrolle gëtt, mengt de Robert Goebbels net, datt de Schengen-Accord a Gefor ass. De fréieren LSAP-Minister huet den Accord viru 40 Joer fir Lëtzebuerg ënnerschriwwen.

reading time

1 min

headphones

7 min

play_arrow
De Robert Goebbels 2020 am Studio vum radio 100,7. | © radio 100,7-Archiv
De Robert Goebbels 2020 am Studio vum radio 100,7. (Foto: radio 100,7-Archiv)

Hie seet am 100,7-Interview, déi aktuell Grenzkontrollen un der däitscher Säit géifen a sengen Ae Schengen net den Doudesstouss verpassen.

Ëmmerhin hätten d’EU-Inneminister:inne sech nach emol rezent dofir ausgeschwat, datt Schengen misst weider goen. De Robert Goebbels mengt iwwerdeems, datt d’Grenzkontrolle souwisou näischt brénge géifen. Hie seet "wa Grenzkontrolle géifen eppes bréngen, da misst Groussbritannien e Paradäis sinn." 

"Trotzdeem huet Groussbritannien eng grouss Kriminalitéit, si haten Terrorattentater, an dëst Joer hate si déi gréissten Zuel vun illegalen Immigrante vun all den europäesche Länner. Wat hunn dann d'Grenzkontrolle bruecht?"

Groussbritannie war ni am Schengenraum an huet ëmmer d'Grenze kontrolléiert, betount de Robert Goebbels weider. 

play_arrow Lauschteren