Déi lenks-ekologesch Allianz vum Frans Timmermanns ginn zweetstäerkste Kraaft mat 25 Setz – d‘Mëtt-Zentrumspartei VDD vum Premier vu bis elo, dem Mark Rutte krut 24 Setz, dat sinn der 10 manner, ewéi bis elo. De Wilders awer wëllt elo Premier ginn. A sengem Parteiprogramm hat hie gefuerdert, dass Moscheeën an de Koran solle verbuede ginn. D‘Grenzen zougemaach ginn, Flüchtlingen an Aarbechtsmigrante sollen net méi an d‘Land kommen, an de Klimaschutz soll als politescht Ziel ofgeschaaft ginn.. De Wilders hat och e Referendum iwwert déi Hollännesch Memberschaft an der EU annoncéiert.
Op de Wilders wierklech Premier gëtt, bleift nach ofzewaarden. D‘Koalitiounsverhandlungen dierfte schwiereg ginn. Fir eng Majoritéit op d‘Been ze kréien, brauch de Wilders dräi aner Parteien.