Radioen

On air

9 bis 1  |  Zaho de Sagazan - Ô travers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rietskonservativ PiS kéint d'Muecht verléieren

Parlamentswalen a Polen

Rietskonservativ PiS kéint d'Muecht verléieren

A Polen kéint et no de Parlamentswalen zu engem Regierungswiessel kommen. Déi rietskonservativ Regierungpartei PiS kéint no aacht Hoer d’Muecht verléieren.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Si hätt kéng absolut Majoritéit kritt, esou e Sondage direkt no de Walen. Elo kéinten dräi Oppositiounsparteien eng nei Koalitioun forméieren, ënnert der Leedung vun der liberalkonservativer Allianz vum Oppositiounsleader an ex-EU Conseils-President Donald Tusk.

Seng Partei gouf zweetstäerkst hannert der PiS. Den Donald Tusk sot an enger Deklaratioun, d‘Herrschaft vun der PiS wier eriwwer. D’PiS huet zouginn, datt si eventuell net méi un der Muecht ka bleiwen. Definitiv Walresultater ginn haut erwaart.