search

/ Rettungs- a Sécherheetsdéngschter kréien neit Funknetz – Käschten nach net bekannt

National

|
reading time

1 min

Rettungs- a Sécherheetsdéngschter kréien neit Funknetz – Käschten nach net bekannt

Dat neit digitaalt Funknetz soll den Numm "Lumicc" kréien. De Projet Lumicc, wat fir "Luxembourg Mission Critical Connectivity" steet, ass de Moien an der Chamberkommissioun fir Finanze virgestallt ginn.

reading time

1 min

Den neie System soll deen aktuelle mam Numm Renita ersetzen, deen nach op Basis vun 2G funktionéiert, an der ëmmer méi grousser Populatioun net méi gewuess ass.

Mëttlerweil wiere mir jo awer bei 5G ukomm, esou d’Presidentin vun der Finanzkommissioun Diane Adehm am Gespréich mam Radio 100,7, an hei géif et elo drëms goen, technesch op deem neiste Stand ze sinn.

Käschten nach net bekannt Kritik vun der Oppositioun 

Diskussioune gouf et an der Kommissiounssëtzung allerdéngs zur Finanzéierungsprozedur. An dësem Fall hätt de Staatsministère nämlech ugefrot, fir scho kënnen um Projet ze schaffen, ier e Finanzéierungsgesetz gestëmmt gëtt. Dowéinst kéint een d’Käschten aktuell och nach net ofschätzen, esou d’Diane Adehm.

Scho beim Renita-Projet wier een 2011 esou virgaangen.

Ee Punkt, deen d’Sam Tanson vun déi gréng staark kritiséiert huet: D’Chamber géif domat um Enn virun e Fait Accompli gesat ginn, huet déi gréng Oppositiounspolitikerin gewarnt.

Hir Partei fuerdert an dësem Punkt dofir nach weider Opklärung.

Dat neit Digitalfunknetz Lumicc soll vun 2030 u funktionell sinn.