No 5 Joer Opbauaarbechte waren um Samschdegowend nees d'Klacke vun der Notre Dame zu Paräis ze héieren. Eng grouss Zeremonie fir d'Reouverture mat héijem Besuch aus aller Welt, dorënner och déi groussherzoglech Koppel, den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj an och den nächsten amerikanesche President Donald Trump.
Um Sonndeg war et no enger Mass um Moie fir invitéiert Gäscht dann owes och nees déi éischt Mass fir de Public. Op d'mannst fir déi 2.500 Persounen, déi séier genuch waren an een Ticket kruten. Nei Kierchefënsteren, en neien Altor, nei Sëtzbänken a virun allem elo nees mat helle Maueren ouni de Stëbs a Schmotz vu Joerhonnerten: d'Notre-Dame huet vill changéiert an d'Virfreed beim Public war deemno grouss.
“Très changée. J’ai vu pas mal de photos déjà, donc j’ai un peu moins de surprises que d’autres, mais oui, je suis impatiente, on veut y aller là.”
“C’est magique, c’est Notre-Dame, c’est comme si la Tour Eiffel demain s’écroulait.”
“C’est le plaisir de retrouver Notre-Dame comme elle n’a jamais été vue - fin, pas depuis au moins le XIXe siècle.”
Eng emotional Zeremonie
Bei der Reouverture kommen awer och bei ville Visiteuren d'Erënnerungen un de 15. Abrëll 2019 héich, wéi d'Notre-Dame a Flame stoung.
“J’étais là-bas, Hôtel de Ville, en train de regarder les flammes brûler Notre-Dame. C’était un chock.”
“J’ai pleuré une bonne partie de la nuit - comme beaucoup de gens ont fait.”
Um Sonndegmoie war et eng éischt Mass an der Kathedral, déi op France TV iwwerdroe gouf a bei där den Äerzbëschof vu Paräis d'Bedeitung vun dësem historesche Moment ervirgehuewen huet.
“Le plaisir d’être là, en un jour si particulier, où la cathédrale de Paris retrouve sa splendeur telle que personne ne l’a jamais connue auparavant.”
Fir den Emmanuel Macron, deen um Samschdegowend eng Usproch an der Kathedral gehalen hat, ass d'Reouverture och e Signal vun der Hoffnung.
“Nous avons choisi le sursaut, la volonté, le cap de l’espérance. Nous avons décidé de rebâtir Notre-Dame de Paris plus belle encore, en cinq années.”
Dëse Message deelen och vill vun de Visiteure virun der Mass um Sonndegowend.
“Beaucoup de joie et beaucoup d’espérance parce qu’on s’aperçoit qu'énormément de choses sont possibles dans le monde. Aujourd’hui, on est toujours désespéré par toutes les catastrophes et là, c’est un signe qu’il y a de belles choses, on est encore capable de faire de très belles choses.”
Nach déi ganz Woch iwwer sinn an der Notre-Dame deeglech Massen, fir déi een awer en Ticket brauch. De 16. Dezember geet d'Kathedral dann nees an den Normalbetrib iwwer a mécht hir Diere fir all Visiteuren op.