Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  Wilco - Impossible Germany

play_arrow Live
search

/ Regierungrot accordéiert méi laang Horairë fir Geschäfter

Gesetzesprojet ugeholl

Regierungrot accordéiert méi laang Horairë fir Geschäfter

An Zukunft kënnen d‘Geschäfter Sonndes bis 7 Auer an an der Woch bis 10 Auer Owes ophunn. De Regierungsrot huet um Mëttwochmoien de Gesetzesprojet iwwert déi nei Ouvertureszäiten ugeholl. Och de Camionsverbuet fir Sonndeger a Feierdeeg gouf fir 3 Méint opgehuewen.

auto_stories

1 min

© Bigstock / malija
Foto: Bigstock / malija

Am Gesetzesprojet ass virgesinn, datt d‘Geschäfter vu Méindes bis Freides vu 5 Auer Moies bis 10 Auer owes dierfen ophunn. Samschdes a Sonndes vu 5 Moies bis 7 Auer owes. Déi selwecht Horairë gëlle fir d‘Deeg virun de Feierdeeg, ausser fir den 22. Juni, de 24. Dezember an den 31. Dezember.

Den 1. Mee, Chrëschtdag an den 1. Januar, mussen d‘Geschäfter zoubleiwen, just Metzlereien, Bäckereien, Patissieren, Traiteuren a Salon-de-consommationen däerfen op deenen 3 Feierdeeg ophunn. Déi nei Horairen si keng Obligatioun, all Geschäft kann dat maachen, wéi et am beschte bei seng Clientèle passt.

D‘Gewerkschaften OGBL an LCGB schwätze vun enger quasi kompletter Liberalisatioun vun den Ëffnungszäiten. D‘Moossnam géif d‘Familjen a Privatliewe vun de 50.000 betraffene Salariéeën zerstéieren, esou d‘Kritik. Déi geplangt Ännerunge géifen zu der liberaalster Politik vun Ëffnungszäiten an der Groussregioun féieren.

Da gouf et och am Regierungsrot gréng Luucht, fir de Camionsverbuet fir Sonndeger a Feierdeeg fir 3 Méint opzehiewen. Dat ass eng Ausnamereegelung wéinst der futtisser Muselschleis an Däitschland. Dowéinst missten elo méi Gidder iwwert d‘Strooss transportéiert ginn an dofir dierfen dann, bis d‘Aarbechten un der Schleis ofgeschloss sinn, d‘Camione Sonndes an d‘Feierdeeg fueren. Déi Aarbechte solle bis Mäerz d‘nächst Joer daueren.