All Sozialpartner nees zesummen un een Dësch bréngen: Dat wéilt de Marc Spautz eegenen Aussoen no esou séier wéi méiglech erreechen, fir mat hinnen ze kucken, wéi genee d’Direktiv kann ëmgesat ginn.
"Ob mir sollen op d'Moyenne goen, ob mir sollen op d'Mediane goen. Dat sinn déi Saachen, déi ech wëll souwuel mat de Patronen, wéi mat de Gewerkschafte schwätzen. Dofir wëll ech och elo nach keng Pist iergendwéi zoumaachen oder eng nei opmaachen."
Den Aarbechtsminister huet awer annoncéiert, datt och d’Salairen aus der Fonction publique mat agerechent solle ginn. Doduerch géif de Mindestloun méi héich ausfalen.
"Hongeresch" heem gaangen
Fir d’Oppositioun war dat e positiven Aspekt. D’Deputéiert vun déi gréng Djuna Bernard hat sech trotzdeem méi erwaart.
"Mir haten d'lescht Woch iwwer den Aarmutsbekämpfungsplang geschwat, wou de Minister gesot huet, déi Woch drop kommen Annoncen. Da kënnt een natierlech mat enger gewëssener Erwaardungshaltung elo an d'Kommissioun an deementspriechend geet een elo e bëssen hongeresch heem."
déi gréng fuerderen eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 200 Euro, grad ewéi och d’LSAP. déi Lénk wiere souguer fir eng Erhéijung vun 300 Euro, erkläert de Marc Baum.
"Dat sinn Zuelen, datt mir sécher sinn, datt de Mindestloun, wann ee 40 Stonnen d'Woch schafft, iwwer deem läit, wat een als Minimum brauch fir ze liewen. Dat ass d'Funktioun vun engem Mindestloun. Dat soll e kënne garantéieren, nämlech en dezent Liewen."
An den nächste Wochen a Méint soll Beweegung an den Dossier erakommen.
Wéini genee den Aarbechtsminister mat de Sozialpartner iwwer de Mindestloun diskutéiert, ass awer nach net gewosst.