arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Recht op Ofdreiwung an der Verfassung gouf als Etappenzil virun der Chamber gefeiert

National

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Recht op Ofdreiwung an der Verfassung gouf als Etappenzil virun der Chamber gefeiert

D'Aschreiwe vun der Fräiheet fir ofzedreiwe wier e wichtegt Zeeche fir Fraen zu Lëtzebuerg an och am Ausland. Där Meenung waren d'Vertrieder:inne vum Planning familial an déi Lénk kuerz nom Vott an der Chamber. Déi Lénk haten den Debat mat enger Propos, fir d'Verfassung ze änneren, lancéiert. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/CLEMENS BILAN
(Foto: EPA/CLEMENS BILAN)

Gëschter hu si dunn zesumme mam Planning familial e Public viewing organiséiert fir den Debat zur Ofdreiwung an der Chamber live ze suivéieren - a bei engem, wéi si soen, "historesche" Moment dobäi ze sinn. 

"Déi Fraerechter wäerten och den zukünftege Generatioune garantéiert bleiwen"

Um kuerz no 18:00 Auer war d’Freed bei de knapp 60 Spectateuren um Krautmaart grouss. Du gouf bekannt, datt déi néideg Zweedrëttel Majoritéit fir d’Verfassungsännerung erreecht war.

Fir d’Co-Parteispriecherin vun déi Lénk, d'Carole Thoma, war et e besonnesche Moment.

"Et ass virun allem eng Verankerung an eng Garantie vun de Fraerechter fir och zukünfteg Generatiounen. Ech mengen dat ännert jo elo näischt konkreet un der Gesetzesaktualitéit de Moment. Mee et ass einfach déi Erliichterung, datt déi Fraerechter och fir déi zukünfteg Generatioune wäerte garantéiert bleiwen." 

D’Aschreiwung an d’Verfassung wier eng Victoire fir déi Lénk zesumme mat der Zivilgesellschaft, esou d’Carole Thoma weider.

"Et ass e symboleschen Akt, fir ze weisen, et gëtt esou vill Réckschrëtter par rapport zu de Rechter. Virun allem d'Fraerechter sinn déi éischt Rechter, déi ëmmer ënner Attack stinn, wa riets Kräften a rietsextreem Kräfte méi staark ginn." 

Fir d’Presidentin vum Planning familial, d'Fatima Rougi, wier d’Aschreiwung an d’Verfassung en Etappenzil, dat een erreecht hätt.

"Elo ka keen de Frae soen, wat si mat hirem Kierper maache sollen" 

Schonn zënter 2021 huet si sech heifir agesat an am Ufank hätt si net dru gegleeft, datt et géif klappen. Ëmsou méi frou wier si, datt et elo gelongen ass, d’Rechter vun de Fraen ze stäerken. 

"Ça leur montre que personne n'a le droit de dicter aux femmes ce qu'elles ont le droit de faire de leur corps. Et que si une personne n'a pas envie d'avoir un enfant, elle n'aura pas cet enfant et elle n'aura pas à être jugée par la société, être condamnée par la société. Et la société n'a pas à lui dire comment elle doit gérer cette grossesse." 

Mat der Aschreiwung vun der Ofdreiwung an d’Verfaassung wier et awer net gedoen, mengt d’Fatima Rougi.

Wat nach géing feelen, wieren offiziell Zuelen zu den Ofdreiwungen. Déi ginn zu Lëtzebuerg bis ewell net erhuewen.

play_arrow Lauschteren