De Greenpeace-Direkter Raymond Aendekerk ënnerstëtzt d’Initiative vun der neier Regierung a Saachen Ëmwelt- a Klimaschutz. Allerdéngs wier de Regierungsprogramm am grousse Ganzen zimmlech vag. Et géif een sech net ze vill aus der Fënster erausleeën.
Progrès an der Landwirtschaft
Déi nei Regierung géing an déi richteg Richtung goen am Beräich vun der Landwirtschaft. Greenpeace Lëtzebuerg géing dës Ambitioune begréissen.
“Si gräifen och do relativ wäit ëm sech fir d’Landwirtschaft och ganz aktiv mat anzebezéien an de Klimaschutz, Biodiversitéit, an och ganz grousse Wäerter leeë si op d’Kommunikatioun mam Secteur.”
An deem Beräich géif ee just eng Haltung zu Gentechnik vermëssen. De Raymond Aendekerk erënnert, datt Lëtzebuerg bis elo ëmmer ganz kritesch a Saache Gentechnik gewiescht wier.
De falsche Wee
Allerdéngs kritiséiert de Greenpeace-Direkter d’Pläng vun der Regierung, fir Prozeduren an der Wirtschaft an am Bau wëllen an de Beräicher Biodiversitéit an Ëmweltschutz ze lockeren.
“Dat ass sécher déi falsch Approche. Jo, et wäert eis och Sue kaschten, mee mir mussen awer Prioritéite setzen a mir musse villäicht och mol richteg kucken, wou gi mer Suen aus, déi mir net missten ausginn, déi weiderhin zerstéierend si fir de Klima.”
De Raymond Aendekerk ënnersträicht, datt déi nächst zéng Joer a Saache Klimaschutz entscheedend wieren. Lëtzebuerg géing eng besonnesch grouss Roll spillen, a misst méi Responsabilitéit an de Beräicher Klima- an Ëmweltschutz op sech huelen.