Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ontransparenz vun der Regierung kéint d’Dynamik bei de Leit bremsen

Mouvement écologique

Ontransparenz vun der Regierung kéint d’Dynamik bei de Leit bremsen

Wat d'Upassung vun der Tarifstruktur bei de Stroumpräisser ugeet, feelt et dem Mouvement écologique un Transparenz. Dat seet d'Presidentin Blanche Weber am 100,7-Interview. D'Leit an d'Betriber misste kloer wëssen, wat op si duer kéim.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

Blanche Weber | © Jo Diseviscourt play_arrow

De Mouvement écologique begréisst u sech d'Ännerungen, déi geplangt sinn. An Zukunft solle jo Leit, déi vill Energie zur gläicher Zäit verbrauchen, och méi bezuelen. 

Et bréicht ee méi Energie, esou d'Blanche Weber, an nennt zum Beispill d'Digitaliséierung, KI, Wäermepompelen an E-Autoen. Datt een also probéiere wéilt, d'Netzbelaaschtung ze drosselen, wier verständlech.

Wie gëtt "bestrooft", a wien net?

De Mouvement écologique stéiert sech awer un der Aart a Weis, wéi dës Ännerunge kommunizéiert ginn. Leit, déi vill investéiert hunn - a Wäermepompelen oder E-Autoen - wéisste guer net, ob si elo bestrooft ginn oder net. Déi feelend Transparenz géing d'Leit veronsécheren, esou d'Blanche Weber. An et wier net déi éischte Kéier, datt eng gewëss Dynamik bei de Leit vun enger Regierungsdecisioun gebremst géing ginn. 

De Mouvement écologique selwer weess och net genee, ob Leit mat Wäermepompelen oder Elektroautoen elo méi misste bezuelen, oder net. Si gleewen awer drun, datt et weiderhi méi rentabel wäert sinn, well Gas a Bensinn méi deier wäerte ginn. Mee wéinst der Ontransparenz géingen d'Leit awer elo riskéieren, net matzezéien, fäert d'Blanche Weber.

Wat feele géing, wier eng kloer Ausso vun der Regierung, kritiséiert d'Presidentin vum Mouvéco. Den nationalen Energie- a Klimaplang wier "an der Versenkung" verschwonnen, kritiséiert d'Blanche Weber. Si freet sech, wéi eng positiv Ännerungen ëmgesat géinge ginn, "fir no vir ze kommen". E gesamte Package géing net um Dësch leien, an dat misst sech änneren.

Den Interview mat der Blanche Weberplay_arrow