Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Installatioun vu Wäermepompelen: D'Regierung huet kee Plang B wann d'Ziler net erreecht sollte ginn

Gas- a Masuttsheizungen ersetzen

Installatioun vu Wäermepompelen: D'Regierung huet kee Plang B wann d'Ziler net erreecht sollte ginn

D’Regierung huet kee Plang B wann an den nächste Joren net genuch Gas- a Masuttsheizungen ersat ginn. Den Ëmweltminister Serge Wilmes sot am 100,7-Interview: Wann een an zwee, dräi Joer géif feststellen, datt net genuch Wärmepompelen agebaut ginn, da misst een dee Moment kucken, wéi een drop reagéiert. 

auto_stories

3 min

headphones

17 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

D’Regierung hätt  kee Plang B wann an den nächste Joren net genuch Gas- a Masuttsheizungen ersat géife ginn, seet den Ëmweltminister Serge Wilmes. Wéi een dorop reagéiert misst een dann au moment venu kucken. "Do si mir awer nach net", esou de Serge Wilmes.

Op d’Entwécklung an déi richteg Richtung geet, géif de Statec permanent am Bléck behalen.

"De Statec huet och ausgerechent, datt wa mir bis 2030 50 Prozent vun deenen Heizungen ersat hunn, wäerte mir eis Ziler nach ëmmer erreechen, an da solle bis 2040 bis zu 100 Prozent erreecht sinn."

Deem Zil wéilt een elo etappeweis méi no kommen, esou den Ëmweltminister am 100,7-Interview. De Serge Wilmes betount, nieft Wärmepompelen wéilt d’Regierung dobäi och verstäerkt op ëffentlech Fernwärme-Netzer setzen.

Versteesdemech fir d'Awunner vun Amber

Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet iwwerdeems Versteesdemech fir d'Suerge vun der Leit, déi fäerten, datt déi nei geplangten Héichspannungsleitung zu Amber een negativen Afloss op hir Gesondheet kéint hunn. Dat, well déi Leitung no laanscht hir Haiser kéint verlafen. Déi endgülteg Decisioun iwwert de finalen Tracé géif awer bei der Creos leien. 

Den Tracé vun der Héichspannungsleitung ass nach net decidéiert, mee eng méiglech Variant géif zu Amber manner wéi 100 Meter laanscht Haiser verlafen. D‘Biergerinitiativ Amber 380 KV fuerdert dofir, datt den Tracé net zeréckbehale gëtt. Dat hat hire Spriecher dës Woch op eiser Antenn nach emol betount. Den Serge Wilmes huet betount, datt hie well eng Entrevue mat der Biergerinitiativ hat.

"Dat war och e ganz agreabelen a ganz konstruktiven Austausch. Dat si keng Leit, déi soen, mir wëllen net, datt eng Leitung op Lëtzebuerg gebaut gëtt. Dat sinn eebe just Leit, déi soen, mir maachen eis Gedanken ëm eis Gesondheet."

Endgülteg Decisioun gëtt am Hierscht geholl

Si wieren am Austausch gewiescht mat den eenzelne Ministèren, déi concernéiert sinn, esou de Serge Wilmes. Hei wier och voll Transparenz iwwerall gespillt ginn, huet de Minister betount. 

"Mee dat ass wéi gesot eis Aufgab lo ze soen, als Ëmweltministère, wat ass déi, déi am verträglechsten ass, och mat der Gesondheet vun eise Matmënschen. Also wäerte mir dat scho consideréieren."

Et géifen elo nach Etüde gemaach ginn, esou den Ëmweltminister. De Serge Wilmes wäert am Hierscht annoncéieren, wéi eng Variant hie proposéiert. Déi endgülteg Decisioun géif awer bei der Creos leien. 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik
Ëmwelt