Radioen

On air

Notturno  |  Christina Kalyss - DTMWTD

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktualiséierte PNEC: Subsiden a Sensibiliséierung, mee keng Verbueter

Ëmwelt an Energie

Aktualiséierte PNEC: Subsiden a Sensibiliséierung, mee keng Verbueter

Bei der Energietransitioun setzt d’Regierung weiderhin op Subsiden a Sensibiliséierung a schwätzt sech géint Verbueter aus. Dat geet aus der aktualiséierter Versioun vum nationale Plang fir Energie a Klima (PNEC) ervir. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Deemno sollen d’nächst Joer d'Photovoltaikanlage prefinanzéiert ginn. Dës Mesure soll et de Konsumenten erlaben, nëmme 50 Prozent vun de Käschte virzestrecken. De Rescht gëtt direkt vum Staat un d'Firma bezuelt, erkläert de Wirtschaftsminister Lex Delles.

"Do geet et drëm, datt de Betrib net eréischt no 2 bis 3 Méint seng Aide kritt, well de Betrib soss Faillite ass. Hei geet et drëm, datt mir ganz schnell, bannent zwou bis 3 Wochen, de Subsid kënnen un de Betrib ausbezuelen."

Fossil Heizungssystemer progressiv ersetzen

An Zukunft soll och keng Baugeneemegung méi néideg si fir Photovoltaikanlagen ze installéieren. Weider gëtt sech op d'Photovoltaik laanscht Autobunne fokusséiert.

"D’Etüd ass nach net ofgeschloss. Mir hunn awer schonn déi éischt Erkenntnisser, déi weisen, datt do e Potential ass. Mir sinn och am enken Echange mam Mobilitéitsministère."

D’Subside fir Wärmepompelen a Wärmenetzer solle weiderhin héich bleiwen. Fossil Heizungssystemer solle progressiv ersat ginn. Anescht wéi déi viregt Regierung schwätzt CSV-DP Regierung sech géint e Verbuet vun neie fossillen Heizungen aus, preziséiert de Lex Delles.

"Mir gesinn an Däitschland, wou dat Verbuet erëm zeréckgezu ginn ass, datt do Heizungen, déi am Fong an der Rei waren, datt déi du ganz séier ersat gi sinn, duerch nei Mazouts- oder Gasheizungen, fir dann nach iwwer 15 bis 20 Joer déi Anlag kënnen ze benotzen." 

Statec: Positiven Impakt op d'Wirtschaft

De Statec huet nach betount, datt et net genuch Statistike gëtt doriwwer, wéi vill futtis Heizungen et iwwerhaapt ginn, a wisou verschidde Leit sech fir verschidden Heizungen decidéieren.

Den Impakt op d’Wirtschaft vun all dëse Mesurë wier positiv, esou nach den Tom Haas vum Statec, dee vun der Kreatioun vun enger 7.000 Aarbechtsplazen op laang Dauer schwätzt. Dat virop am Konstruktiounssecteur.

Dat ganzt Dokument fann Dir hei.

Aktualitéit
Politik
Ëmwelt