Radioen

On air

Spektrum  |  Don Piano - Burn Your Wings

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Raren Dag: De 29. Februar mécht aus engem normale Joer e Schaltjoer

Fräie Mikro

Raren Dag: De 29. Februar mécht aus engem normale Joer e Schaltjoer

All Joer feele fënnef Stonnen 48 Minutten an e puer Sekonnen oder fir et ganz prezis ze soen: eise bloe Planéit brauch 365,2422 Deeg fir een Tour ronderëm d'Sonn. Esou entsteet dann den Dag vun haut, den 29. Februar. Deen Dag, deen aus engem normale Joer e Schaltjoer mécht. Reflexioun am Fräie Mikro vum Jean-Luc Thill

auto_stories

3 min

Wat mécht ee wann ee sech verrechent? An der Schoul gouf ee geléiert d'Aufgab sou laang frësch ze maachen bis se richteg war. A wat mécht ee wann d'Rechnung iwwerhaapt net kann opgoen?

Wien elo behaapt sou Beispiller wieren et an der Schoul net ginn, deen huet zwar Recht, huet awer amplaz op d'Fro ze äntwerten eng al erëm gestallt. An zwar ob d'Schoul dann iwwerhaapt op d'Liewen virbereet.

Well an deem, nämlech am Liewen, gëtt et sou munch Saach déi net opgeet, souwuel an ärem wéi och a mengem Alldag. A mat zwee dovun hunn mer bal all Dag ze dinn. De Budget, egal ob vum Staat oder privat, an de Kalenner.

All Joer feele 5 Stonnen an 48 Minutten

Bleiwe mer beim Kalenner.Egal wéi oft een dësen frësch rechent et fehlen all Joer 5 Stonnen 48 Minutten an e puer Sekonnen oder fir et ganz präzis ze soën: eise bloe Planéiet brauch 365,2422 Deeg fir een Tour ronderëm d'Sonn. Sou entsteet dann den Dag vun haut, den 29. Februar.

Deen Dag deen aus engem normale Joer en Schaltjoer mécht. Awer nach laang net ëmmer: Joreszuel muss duerch 4 oder 400 ze deele sinn, Joeren déi mat 100 dividéiert kenne ginn si keng Schaltjoeren. Kuerz: am Prinzip huet e Joer 365 Deeg an d'Ausnahm bestätegt d'Regel.

A wien elo denkt do wier dach mol eng Reform néideg fir deem en Enn ze setzen deem soll just gesot sinn, datt dës Ausnahm an iergendenger Form bis ewell op all bekannte Kalenner zoutrëfft.

Reform jo oder nee?

Theoretesch hu wuel manner Leit eppes géint sou Konventiounen wéi déi Leit, déi praktesch op engem 29. Februar gebuer sinn. Fir si ass de Gebuertsdag - iwregens all Guddes vun dëser Platz aus - vu vir eran e speziellen Dag an d'Fro muss erlaabt sinn op déi Leit nëmmen all véier Joer e Joer méi al ginn oder musse si an engem Schaltjoer véier Käerzen mateneen ausblosen?

Geife mer den 29. Februar emmer lenks leie loosen géif dat fir déi 1. Generatioun zu Liefzäiten kee wirklechen Ennerescheed machen.

Allerdings ass d'Situation no 600 Joer eng aner. Dann hätte mer am Juni Wanterwierder an Chrëschtdag - well dat wier emmer nach den 25. Dezember - wiere mer wierdertechnesch am Fréijoer.

Natirlech ënnert der Premiss, datt de Klimawandel nach 600 Joer net géif sattfannen. Sollten aner Modeller rechtbehalen dann wunnt d'Menscheet zu deem Zäiptunkt schons ob engem aneren Planéiet oder mir sinn wéi Dinosaurier: ausgestuerwen!

E Schaltjoer selwer huet natierlech och eng positiv Wierkung op d'Economie. Awer ob e knappen hallwen Prozent méi wirtschaftlech Aktivitéit duer geet fir deem Kriseboot de Wand aus de Segelen ze huelen - dat sief dohigestallt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.