search

/ Raoul Schaaf: "Eng ganz Partie vu ganz gudden a ganz interessanten Usätz"

Nationale Plang géint d’Aarmut

|
headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow

Raoul Schaaf: "Eng ganz Partie vu ganz gudden a ganz interessanten Usätz"

Den nationale Plang géint d'Aarmut wier ee "gudden éischten Usaz", esou de President vum Comité National de Défense Sociale (CNDS) Raoul Schaaf am 100,7-Interview.

headphones

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Raoul Schaaf | © Serge Kesseler
Raoul Schaaf (Foto: Serge Kesseler)

106 Mesurë stinn am éischten nationale Plang géint d’Aarmut, deen d’Regierung gëschter presentéiert huet.

Ugekënnegt Reform vum REVIS

Dëse Plang wier eppes, woumat ee kéint schaffen, esou de President vum CNDS, de Raoul Schaaf.

“Ech denken, do si jo elo eng Partie Mesuren dran an och eng, déi mech wierklech besonnesch gefreet huet, datt d'Gesetz vum Revenu d'inclusion sociale soll reforméiert ginn. Dat ass eppes, wou mir scho méi laang doriwwer geschwat hunn an ëfters doriwwer geschwat hunn, och mat deene verschiddenen Acteuren, well dat wierklech absolut noutwendeg ass. (...).”

Hie géif elo interesséieren, wéi séier déi iwwer 100 Aktiounen aus dem Plang géint d’Aarmut ëmgesat ginn, an ob et Méiglechkeete ginn, Verschiddenes schonn 2026 an net eréischt 2027 a Kraaft ze setzen.

“Et ass jo net, datt wa mi soen, mir hunn elo en Aktiounsplang, deen 2027 ufänkt, 2026 d’Aarmut da Paus mécht.”

De Raoul Schaaf geet dovun aus, datt sech strukturell eppes un der Aarmutssituatioun zum Gudden ännert. Datt an Zukunft méi Hëllefen automatesch sollen ausbezuelt ginn, wäert de Moyen sinn, dee villes erliichtert a vläicht de Pourcentage vum Net-Zréckgräifen op Hëllefen drastesch kéint erofsetzen, esou d’Aschätzung vum CNDS-President.

De Problem vu schlecht logéierte Leit

Senger Meenung no, hätt de Plang géint d’Wunnengslosegkeet Deel vum Plang géint d’Aarmut misste ginn, esou de CNDS-President.

“Säit e puer Joer ziele mir een oder zweemol am Joer a verschiddene Stéit Leit, déi op der Strooss sinn. Mir zielen net déi, déi schlecht logéiert sinn, an där ginn et der eng ganz Partie, dat kann ech wierklech aus der Erfarung eraus soen.”

De Raoul Schaaf war bis de leschte September Direkter vum Comité National de Défense Sociale. Zënterhier ass hie President vum CNDS.

Am 100,7-Interview huet hie confirméiert, datt d’Liewen hei am Land an de leschte Joerzéngte méi komplex gi wier. Kritiséiert huet hien an deem Kontext déi laang administrativ Prozeduren.

play_arrow Lauschteren