Radioen

On air

Notturno  |  Nick Waterhouse - Play To Win

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ralph Daleiden-Ciuferri den Dënschdeg de Moien am Asaz

Olympesch Spiller

Ralph Daleiden-Ciuferri den Dënschdeg de Moien am Asaz

Op den Olympesche Spiller zu Paräis kënnt haut de fënnefte vun den am Ganzen 13 Lëtzebuerger Sportler an den Asaz. Am spéide Moie geet de Schwëmmer Ralph Daleiden-Ciuferri nämlech fir d’Serien iwwer 100m Crawl an d’Waasser.

auto_stories

1 min

Foto: COSL

Den 21 Joer ale Schwëmmer ass fir d’éischt bei Olympesche Spiller dobäi. De Crawl-Spezialist hat zejoert op de Spiller vun de klenge Länner op Malta mat der 4x100m Crawl-Staffel Gold gewonnen. Dëst Joer koum de Ralph Daleiden-Ciuferri op der Europameeschterschaft zu Belgrad a Serbien bis an d’Halleffinallen. De Rekord vum éischte Lëtzebuerger Schwëmmer, deen op den 100m Crawl ënner 49 Sekonne bliwwen ass, steet aktuell bei 48 Sekonnen an 68/100el.

Dem nei-Olympionik séng Serie gëtt um 11h29 geschwommen; et ass déi 6. vun am Ganzen 10 iwwert déi zweetkierzt Crawl-Distanz. Déi 16 Séierst aus de Serië kommen an d’Halleffinallen, déi den Owend um halwer 9 sinn; de Lëtzebuerger ass mat der 34.-beschter Zäit fir Paräis gemellt.