Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik

Pride Week

Queere Storytelling an der Escher Bibliothéik

D’Séraphine Mirage, Drag Queen Personnage vum Tom Hecker, hat an der Escher Bibliothéik virun enger gudder Dose Leit e sougenannten Diva Storytelling Owend. Den Nicolas Calmes huet mam Tom Hecker iwwert d'Liesung an och säi rezenten RTL face-à-face mam ADR Deputéierten Tom Weidig geschwat.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

© Escher Bibliothéik play_arrow
D'Séraphine Mirage ass eng vun den zwou Personnage vum Tom Hecker (Foto: Escher Bibliothéik)

Scho fir d’fënneft liest d’Séraphine Mirage am Kader vun der Pride Week fir d’Escher Bibliothéik. Wärend der Pandemie waren d’Liesungen online. D’Séraphine Mirage, dat ass am Fong keen anere wéi den Tom Hecker: Et ass säin Drag Queen Personnage. 

Seng aner Kreatioun, d’Fantasiefigur Tatta Tom, mécht Liesunge fir Kanner. D’Tatta Tom huet sech aus de Liesungen an der Escher Bibliothéik erauskristalliséiert, dat op Suggestioun vun der Direktesch. 

D'Romaine an d'Julie

Den Donneschden huet d’Séraphine Mirage genau déi selwecht Geschicht virgedroen, déi si och 2019 virgelies hat: dem Shakespeare säi Romeo and Juliet, am Tom Hecker senger ganz perséinlecher Versioun.

"Zu Veianen, eng Stad zu Lëtzebuerg, hunn emol zwou mächteg Famillje gelieft, déi säit Joren am Klinsch waren. Een uralen Haass huet si getrennt. Déi eng Famill huet Molitor geheescht, an si haten eng adrett Duechter, dat Romaine geheescht huet. Déi aner Famill huet Cardoso geheescht, a waren houfreg op hier wonnerschéin Duechter d’Julie."

D’Liesung schéngt dem Public gefall ze hunn. Dëst souwuel wéinst der gelongener Adaptatioun, wéi och wéinst der Mirage hirer Aart a Weis an imposanter Präsenz. Déi geleeëntlech Tëschekommentarer hu wärend den dach spierbare Längte fir Oplockerung gesuergt:

"'Mee dir, meng Léift, schenken ech mäin Häerz!'" Schonn e bëssche schmalzeg, ne. Ech mengen, ech muss duerno oppassen, datt ech net ausrutschen." 

Grouss ënnerscheeden sech d’Liesunge vun der Séraphine Mirage an déi vun der Tatta Tom net. Si si bewosst net iwwerméisseg preparéiert, a verloossen sech deelweis op spontan Interaktioune mam Public.  

Tom Hecker: Déi Saachen, déi gesot goufen, entspriechen net der Wourecht

D'Fantasiefigur Tatta Tom steet iwwregens zanter leschtem Joer am Mëttelpunkt vun enger Polemik. Den ADR Deputéierten Tom Weidig hat hir Optrëtter a Schoulen op de soziale Medien als ideologesch Indoktrinéierung bezeechent. D’Konsequenz: eng Héichschauklung vun homophobe Kommentarer, déi vu Verdeedeger:inne vun der Tatta Tom vehement kritiséiert goufen.

 RTL hat leschte Mount ee face-à-face tëschent dem Tom Hecker an dem Tom Weidig organiséiert. An der Sendung hat den Tom Weidig hat sech als Alliéierte vun der LGBTQ Cause beschriwwen. "Et war gutt", seet den Tom Hecker, deen diplomatesch op d'Fro äntwere well, wéi dat Gespréich war. 

"Well ee Saachen elo trotzdeem konnt iergendwou beschwätzen. Déi Saachen, déi do gesot goufen, elo net vu mir, entsprieche leider net der Wourecht. Ech sinn trotzdeem der Meenung, datt hien iergendzwousch déi Saachen oder seng Meenung villäicht méi schéin duer bruecht huet, wéi se eigentlech ass."

Wier de Shakespeare hautzedaags queer?

Ganz aner Fro: an der Literaturgeschicht gëtt scho laang iwwert dem Shakespeare seng sexuell Orientéierung spekuléiert. Seng Biographie bleift op ville Punkten onkloer. Kéint een sech de Shakespeare hautdesdaags als Deel vun der LGBTQIA+ Communautéit virstellen?

"Also, déi Fro war mir eigentlech ni um Schierm. Ech kéint mir awer elo virstellen, vun deem wat ech awer elo sou matkrut vun him, datt hien ënnert iergendengem vun deene Buschtawe bestëmmt erëmzefanne wär."

D’Pride Week ass nach bis de Sonnden, 15. Juli. Highlight gëtt d’Street Fest zu Esch an d’Concerte vu Conchita Wurst, Bilal Hassani, Edsun a Compagnie. Den Tom Hecker géif sech awer perséinlech am meeschten op d’Marche de l’égalité duerch Esch dëse Samschde freeën.

Lauschterenplay_arrow

Geschriwwe vum Nicolas Calmes