Am Juni war een nach vun engem Defizit vun 41 Milliounen Euro ausgaangen. Déi rezent Indextranchen hunn der CNS awer zousätzlech Cotisatioune bruecht. Dëst sinn Informatioune vun der Hierscht-Quadripartite, déi gëschter um Mëttwoch ouni d‘Ministere vun der Gesondheet an der Sozialer Sécherheet iwwer d‘Bün goung.
Hei gëtt och ëmmer schonn op déi nächst Jore gekuckt. An do sinn déi wirtschaftlech Perspektive manner positiv: d‘Inspection générale de la sécurité sociale rechent fir 2024 mat engem Defizit vun 51 Milliounen Euro.
Vun de Gewerkschafte war et gëschter d‘Fuerderung a kengem Fall d‘Leeschtungen ze kierzen, mee op der Säit vun de Recetten ze handelen. D‘Patronatsorganisatioun UEL ass op hirer Säit géingt all Erhéijung vun de Cotisatiounen.