Radioen

On air

9 bis 1  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Black Star Dancing

play_arrow Live
search

/ Quad-demic a Groussbritannien

Gesondheetssecteur un der Limitt

Quad-demic a Groussbritannien

Wei och zu Lëtzebuerg ass Groussbritannie mat enger grousser Grippewell geplot. De Gesondheetssystem riskéiert elo iwwerlaascht ze ginn, och well et 4 verschidde Krankheete sinn déi zirkuléieren.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Illustratioun Quad-demic a Groussbritannien | © Claire Barthelemy play_arrow
Foto: Claire Barthelemy

Vum Claire Barthelemy vu London

Et gëtt e schwéiere Wanter fir de staatleche Gesondheetssystem. D‘Zuel vun Hospitalisatioune wéinst Grippinfektiounen an England sinn ugangs Dezember an enger Woch em 70 Prozent eropgaangen.

Experte schwätze vun enger "Quad-demic" also eng Epidemie vun 4 verschidde Krankheeten. Dorënner ass d’Wantergripp, den RSV an den Norovirus, deen d’Mogripp ausléist. Covid-Infektioune wäerten och an d’Luucht goen, sou d’Experten.

D’Regierung huet d’Leit nach eemol opgeruff sech virun de Feierdeeg impfen ze loossen - an erënnert och drun, sech d’Hänn reegelméisseg ze wäschen - Desinfektiouns-Gel hëlleft nämlech net géint den Norovirus.

Ausnamezoustand an de Klinicken

Et ass lo erëm dozou komm, datt Better an d’Gäng vun de Klinicken opgestallt ginn, well keng Zëmmere méi fräi sinn. Sou och am Whipps Cross Hospital am Nord-Oste vu London.

“Et ass schwéier, mir wëllen net, datt eis Patiente Stonne waarde mussen, virun allem eis schwaach a vulnerabel Patienten. Mir wëlle se gäre séier ruffe kënnen, a wann se ee Bett brauchen, wëlle mer se och séier kënnen unhuelen, ouni datt se laang waarde mussen,” sou d’Cheffin vun der Akutmedizin an der Klinik, an engem Bericht op Sky News.

D'Regierung versprécht méi Sue fir de Gesondheetssecteur

Dat brittescht Gesondheetssystem ass schonn zënter Joren duerch Spuermoossnamen ënnerfinanzéiert. Als Patient ass ee gewinnt ze waarden - op Ambulanzen, an der Urgence oder och fir normal Rendez-Vouse beim Hausdokter ze kréien. D’Labour-Partei, déi no 14 Joer konservative Regierungen elo un der Muecht ass, huet versprach de System ze reforméieren. Si huet am Oktober Steiererhéijunge vu 40 Milliarde Pond ugekënnegt - een Deel vun deene Sue soll och dem National Health Service ze gutt kommen. Am Fréijoer stellt d‘Regierung dann een zéngjärege Plang vir, mat deem de Gesondheetssystem iwwert d’Jore verbessert soll ginn.

Lauschterenplay_arrow