De Beschëllegte krut virgehäit, am Februar 2021 um Aarbechtsgeriicht falsch Aussoe gemaach ze hunn. Hien hat behaapt, en Aarbechter wier zu engem gewëssene Moment net méi op engem Schantje gewiescht. Dee Mann war dowéinst entlooss ginn, Eric Ewald.
Op där enger Säit d’Aussoe vum Ugekloten, Chef de chantier a Brudder vum Patron vun der Entreprise, op där anerer déi vun zwee Zeien: Béid Säite kënnen d’Wourecht net gesot hunn, an dee Knuet mussen d’Riichteren opkréien. De Beschëllegten huet d’Virwërf u seng Adress kontestéiert a gesot, kee faux témoignage gemaach ze hunn. Den Aarbechter wier zu engem gewëssene Moment net méi um Schantjen zu Bartreng gewiescht. Bei där Ausso géif hie bleiwen. Wouropshin de President vum Geriicht erkläert huet: “Dir hutt net gegleeft kritt um Aarbechtsgeriicht. Dat huet e Licenciement abusif vum Aarbechter festgehalen.” Déi, déi aner Aussoe gemaach hunn, léien, huet den Ugekloten dorop geäntwert an en anere Chef de chantier hätt him och gesot, datt den Aarbechter net ëmmer um Schantje gewiescht wier.
Widderspréchlech Aussoen
Zimmlech de Contraire hunn déi zwee Zeien ausgesot, och wa si net ganz kloer an hiren Deklaratioune waren. Deen Éischten huet betount, den Aarbechter hätt viru senger Entloossung um Schantje geschafft. Ob dat dono nach de Fall war, kéint hien awer net soen. Deen zweete konnt sech dorun net méi erënneren. Op d’Remark vum President vum Geriicht hin, um Aarbechtsgeriicht hätt hie gesot, datt den Aarbechter dono nach do geschafft hätt, war et d’Äntwert, datt seng fréier Ausso dann déi richteg wier.
Verteidegung fuerdert Fräisproch
D’Maître Bottazzo, Affekotin vum Aarbechter, huet Schuedenersatz vun eppes iwwer 18.000 Euro fir de Mann gefrot. Net nëmmen hätt d’Aarbechtsgeriicht dem Patron Onrecht ginn an d’Entloossung abusive erkläert, mee et wier och keen Appell géint dat Urteel gemaach ginn. Fir de Maître Lehnen, Affekot vum Beschëllegten, géif et an den Aussoe vun den Zeien Inkoherenze ginn. Säi Mandant sollt fräigesprach ginn, well ze vill Zweiwele bestéingen, fir den Ugekloten ze verurteelen. Deen huet ganz um Enn nach emol erkläert, hie géif net léien an ni eng Falschausso maachen.
D’Urteel an dëser Affär gëtt de 25. Abrëll gesprach.