Radioen

On air

De Weekend  |  Natas Loves You - Zeppelins

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Donald Trump: Prozess wéinst Bedruch huet ugefaangen

New York

Donald Trump: Prozess wéinst Bedruch huet ugefaangen

De fréieren US President Donald Trump war zu New York um éischten Dag vu sengem Prozess wéinst Bedruch viru Geriicht.

auto_stories

1 min

Den Trump, an zwee vu senge Filssen, kréie virgehäit, de Firme-Wäert vun der Trump Organisatioun kënschtlech opgeblosen ze hunn, fir Kreditter ze kréien a Steieren ze spueren. Den Donald Trump huet d‘Reprochen zréckgewisen, hie sot de Prozess wier politesch motivéiert fir ze verhënneren, datt hien nees President gëtt. An dësem ziville Prozess riskéiert den Trump kee Prisong, mee eng héich Geldstrof an e Verbuet, fir am Staat New York Geschäfter ze maachen.