Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Prozess iwwer d'Iwwerhuele vu Boissons Heintz duerch d'Brasserie Nationale

Maartdominant Positioun?

Prozess iwwer d'Iwwerhuele vu Boissons Heintz duerch d'Brasserie Nationale

Um Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg goung et am Nomëtten ëm d’Iwwerhuele vu Boissons Heintz duerch d’Brasserie Nationale, via där hir Filial Munhowen.

auto_stories

1 min

D’Lëtzebuerger Konkurrenzautoritéit hat d’EU-Kommissioun zejoert gefrot, fir deen Zesummeschloss ze préiwen. Bréissel hat fonnt, datt déi Konzentratioun den Handel affektéiere kéint, woumat d’Brasserie Nationale a Munhowen net averstane waren. Hir Affekoten hunn haut drop plädéiert, datt d’Decisioun vun der EU-Kommissioun schlecht begrënnt war. Dogéint huet d’Affekotin vum Brauereigrupp AB InBev, zu deem Mousel an Diekirch gehéieren, erkläert, datt d’Brasserie Nationale no där Reprise super-dominant war.