De Vott gouf de Moien ënnerbrach, fir weider Berodungen ze erméiglechen. De Friedrich Merz huet a sengem Discours eng Zesummenaarbecht mat der Afd strikt zeréckgewisen.
D‘Perspektiv, datt déi oppositionell CDU de Projet mat de Stëmme vun der AfD kéint duerchbréngen, hat fir Protester am Land gesuergt. Virdrun hat d'FDP proposéiert, haut net ofzestëmmen, mee en zeréck an d‘Kommissioun ze ginn, well d'AfD d'Gesetz ënnerstëtze kéint. D‘SPD hat dëse Schrëtt begréisst.
An engem Podcast vun der Zeit huet den Bundeskanzler Olaf Scholz iwwerdeems erkläert, hie géif et fir méiglech halen dat d‘CDU no de Walen eng Koalitioun mat der AfD ageet.
Anescht wéi e Mëttwoch geet et an deem Fall hei ëm ee Gesetz. E Mëttwoch gouf iwwer zwou Motioune gestëmmt, déi keen direkten Impakt hunn.
Uechter Däitschland si gëschter zéngdausende Leit géint déi Pläng op d'Strooss gaangen. Virun der CDU-Parteizentral waren eng 6.000 Leit, zu München 7.000. An zu Freiburg ënner anerem nach 11.000 Manifestanten. Dat sinn Zuelen, déi d'Police nennt.