Deem seng éischt Riichteren halen an hirem Urteel fest, datt all Proprietär verlount Zëmmere beim Buergermeeschter melle muss. De Proprietär muss op der Gemeng uginn, wéi vill Leit maximal an deenen Zëmmere wunne kënnen, an hie muss d’Pläng dovun eraginn. Infraktiounen dozou si mat Geld- an/oder Prisongsstrofen ze sanktionéieren.
Zu engem Sträichen aus dem Populatiouns- an engem Ophuelen an de Registre d’attente kéint et zum Beispill kommen, wann d’Donnéeën aus dem Populatiouns- an dem nationale Regëster net iwwerenee stëmmen oder wann e Buergermeeschter dat sou decidéiert.
Decisioun wier laut Geriicht ze annuléieren
D’viregt Buergermeeschtesch vun Déifferdeng, d'Christiane Brassel Rausch (déi gréng), hätt hir Decisioun geholl, well de Proprietär Zëmmere verlount hat, ouni eng Deklaratioun an deem Sënn eraginn ze hunn an ouni eng Geneemegung fir eng Colocatioun gehat ze hunn.
Den Tribunal administratif betount awer och, datt wann e Locataire vum Populatiounsregëster gestrach gëtt, e virdrun also dorop stoung, ouni déi néideg Deklaratioun vum Proprietär. D’Aschreiwen op de Registre d’attente wier net justifizéiert, wann d’Gemeng méi spéit feststellt, datt d’Colocatioun op där Adress u sech net erlaabt ass. Deemno hat d’Buergermeeschtesch de Locataire net aus dem Populatiounsregëster ze sträichen an en dono op de Registre d’attente ze setzen. Sou datt déi entspriechend Decisioun ze annuléiere wier.