Greenpeace Lëtzebuerg hat de Projet de Loi aus dem Januar dëst Joer fir een Avis un den Europarot viruginn.
Den Avis vum Europarot fält positiv aus. De Projet de loi vun der CSV-Justizministesch Elisabeth Margue wier eng gutt Grondlag, e géif esouguer an e puer Punkte méi wäit goen, wéi d’EU-Direktiv et virgesäit.
Och privat penal Prozedure sollten ofgedeckt ginn
Trotzdeem ginn et Verbesserungsvirschléi. Zum Beispill sollten och privat penal Prozedure vum Gesetzestext ofgedeckt ginn. Soss kéinten déi als Méiglechkeet genotzt ginn, fir d’Gesetz ze ëmgoen, erkläert de Gauthier Hansel vu Greenpeace Lëtzebuerg.
"C'est important parce qu'on considère qu'une entreprise, dans le cadre de la loi actuellement, pourrait contourner la loi en utilisant une citation directe au pénal plutôt qu'une procédure civile. Et donc on considère en fait que c'est une porte dérobée."
Déi Dier zouzemaachen, géif den Text méi ambitiéis maachen. An dorop hat och schonn de Presserot an engem Avis higewisen.
Kader, fir déi Viséiert, ze schützen
D’EU-Direktiv gesäit e gewësse Kader vir, fir déi déi ze schützen, déi vun esou SLAPP-Kloe viséiert sinn, esou de Gauthier Hansel.
“Notamment permettre au juge de rejeter rapidement les actions manifestement infondées en justice pour éviter les procédures-bâillon, garantir un accès effectif à l'aide juridique pour les personnes qui seraient visées ou encore instaurer des sanctions financières dissuasives contre les entreprises qui chercheraient justement à museler la société civile.”
Bei esou SLAPP-Kloe geet et net dorëm, duerch ee Prozess Gerechtegkeet ze erzilen, mee ONGen, Journalisten oder Mënscherechtsaktiviste finanziell ze beanträchtegen an anzeschüchteren. Zum Beispill hat een US-Geriicht Greenpeace International d’lescht Joer verurteelt, 345 Milliounen Dollar un ee Pëtrolskonzern ze bezuelen. De Lëtzebuerger Projet de Loi fir d’Regulatioun vun deene Kloen ass nach um Instanzewee.