Radioen

On air

9 bis 1  |  Allergien am Hausgaart, wéi soll een domat ëmgoen?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Problemer tëschent Lëtzebuerg an der Belsch wäerten nach bis Enn dës Mounts unhalen

Zuchtraffic

Problemer tëschent Lëtzebuerg an der Belsch wäerten nach bis Enn dës Mounts unhalen

Wéinst engem Streik bei der belscher Bunn falen haut um Méindeg an déi ganz Woch eng Partie Zich tëscht Lëtzebuerg an der Belsch aus oder hu Verspéidung.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Kevin Van den Panhuyzen
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Kevin Van den Panhuyzen)

Betraff sinn d'Zich tëscht Lëtzebuerg a Gouvy, a Lëtzebuerg an Arel, esou d'CFL.

Déi belsch Bunn wëll ëmmer spéitstens 24 Stonne virdrun ukënnegen, wat den Impakt vum Streik ass. Well Zich tëscht deenen zwee Länner ausfalen dierften, soll ee sech um Internetsite cfl.lu oder iwwer d’App vun de CFL informéieren, ier ee seng Rees mam Zuch untriede wëll.

Hannergrond vum Streik ass ënnert anerem déi geplangte Reform vum Pensiounsregimm vun de Cheminoten an der Belsch.