Radioen

On air

Tockcity  |  Ende - Schatten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ProActif: Néierlag fir de fréieren Direkter François Goerges

Justiz

ProActif: Néierlag fir de fréieren Direkter François Goerges

D’Aarbechtsgeriicht huet d’Demande vum ofgesaten Direkter François Goerges, dee sech do mat enger Référésprozedur géint seng Revocatioun gewiert hat, irrecevabel erkläert. De Référé entsprécht der däitscher „einstweiligen Verfügung“.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© unsplash play_arrow
Foto: Bigstock

Et goung an dëser éischter Geriichtsaffär zur Entloossung vum François Georges ëm d’Legalitéit dovun. Mam Fong vun der Affär wäerte sech aner Riichter befaassen. D’Aarbechtsriichterin ass mat hirem Uerteel awer mol der Positioun vum Affekot vu ProActif nokomm.

Op si fir dës Référésprozedur an Appell wäerte goen, ass nach net gewosst, esou den Affekot vum François Georges, de Maître Romain Adam. Fir de Fong vun der Affär wier hien awer optimistesch:

"Also do wäerten och déi Argumenter, déi mer bis elo developpéiert hunn, ganz sécherlech um Fong diskutéiert ginn. A virun allem déi infondé vum Licenciement vum Här Georges. Wann et dann ee valabelt Licenciement war – dee wäert natierlech kontestéiert ginn."

Lauschterenplay_arrow

Dem Affekot no wier näischt geschitt, fir dat de François George hätt kënne gekënnegt ginn. Och mat der Decisioun vum Aarbechtsgeriicht, géifen him all d‘Optiounen opstoen.