Radioen

On air

Notturno  |  Trappers - Rainbow Coloured Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Privatbank Havilland wäert hir Lizenz wuel verléieren

Bankesecteur

Privatbank Havilland wäert hir Lizenz wuel verléieren

Informatioune vum radio 100,7 no dierft et imminent sinn, datt d’Privatbank Havilland hir Lizenz vun der Europäescher Zentralbank entzu kritt. Als Grënn gi Problemer vu Blanchiment a vu Gouvernance genannt. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / ZB | Sascha Steinach

Datt d’Bank Havilland mat Sëtz an der Avenue J.F. Kennedy um Kierchbierg hir Lizenz riskéiert ze verléieren, hat dat Schwäizer News-Portal finews.com scho virun aacht Deeg gemellt.

Net genuch Mesurë géint Geldwäsch

Wann d’Privatbank um Kierchbierg hir Bankelizenz verléiert, da gëtt et de Risiko vun engem 'bank run', also datt d’Clienten all matenee probéieren, hir Suen erauszekréien. An esou engem Fall kéint d’Geriicht aschreiden, fir eng uerdentlech Ofwécklung ze garantéieren, heescht et aus gutt informéierte Kreesser.

Dat Schwäizer Portal finews.com hat de virleschten Dënschdeg geschriwwen, datt d’Bankenopsiicht vun der EZB an duerno och déi Lëtzebuerger Iwwerwaachungskommissioun CSSF d’Bank Havilland wéilten zoumaachen.

Wéinst net genuch Mesurë géint Geldwäsch a wéinst mangelhafter Gouvernance hat d’CSSF schonn 2018 eng Strof vu véier Milliounen Euro géint d’Bank decidéiert. Elo kéint et ëm ee Widderhuelungsfall goen, esou dat Schwäizer Portal.

ALEBA weist sech "extrem besuergt"

Wéinst dem Schicksal vun den 132 Beschäftegten hei am Land bei der Bank Havilland, weist d’ALEBA sech “extrem besuergt”. Dat huet d’Bankegewerkschaft elo no enger Entrevue mat der Personaldelegatioun matgedeelt, sou den ALEBA-President Roberto Mendolia.

"On espère sincèrement que la banque aura cette responsabilité sociale pour soutenir tous ceux qui ont fait vivre cette banque sur toutes ces années. Et nous demandons vraiment à la direction d’offrir un maximum de budget et un maximum de conditions favorables pour que les gens, qui sont impactés, puissent se reconvertir."

D’Bank Havilland hat virgëschter ugekënnegt, hir Aktivitéiten a Liechtenstein an an der Schwäiz wëllen opzeginn.

D’Bank war 2009 hei am Land gegrënnt ginn. Si war aus der Lëtzebuerger Filial vun der islännescher Kaupthing Bank entstanen.

Lauschterenplay_arrow