Radioen

On air

9 bis 1  |  Spoon - The Underdog

play_arrow Live
search

/ USA: Prisongsstrof fir d‘Eltere vum Teenager, dee Schüler erschoss hat

No Attentat op Oxford High School

USA: Prisongsstrof fir d‘Eltere vum Teenager, dee Schüler erschoss hat

Am amerikanesche Bundesstaat Michigan goufen d‘Eltere vun engem Teenager, dee véier Schüler erschoss hat, zu 10 bis 15 Joer Prisong verurteelt. Et ass déi éischte Kéier, datt esou eng Prisongsstrof fir d‘Eltere vum Täter decidéiert gouf.

auto_stories

1 min

© picture alliance / imageBROKER | Jim West
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Jim West)

Si goufe schëlleg erkläert, well si déi däitlech Zeeche vu mentale Problemer bei hirem Fils ignoréiert hunn an him d‘Waffe kaf haten, mat där hien 2021 an der Oxford High School 4 Schüler erschoss a 7 Leit blesséiert huet.

De Riichter sot, déi héich Strofe fir d‘Eltere sollen als Ofschreckung fir anerer déngen, an Eltere bewosst maachen iwwer hir Responsabilitéite fir déidlech Schéissereien an amerikanesch Schoulen ze verhënneren.

Deen deemools 15-Joer alen Täter sëtzt haut liewenslänglech am Prisong.