Radioen

On air

Vue sur mer  |  Edsun - Blue Detainee

play_arrow Live
search

/ Presidentschaftswalen am Senegal: Virsprong fir Oppositiounskandidat

Senegal

Presidentschaftswalen am Senegal: Virsprong fir Oppositiounskandidat

Bei de Presidentewalen am Senegal géif sech e klore Virsprong fir den Oppositiounskandidat ofzeechnen. Dat melle senegaleesesch Medien op Grond vu partielle Resultater. De Regierungskandidat seet awer, d‘Resultater wieren net komplett an et géif wuel zu engem weidere Walgang kommen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati play_arrow
(Foto: picture alliance / Zoonar | Valerio Rosati)

Eng Victoire vum Oppositiounskandidat, Diomaye Faye, kéint grouss politesch Verännerungen am westafrikanesche Land mat sech bréngen. Hien hat sech selwer wärend dem Walkampf als de “Kandidat fir de Systemwiessel” bezeechent. Enner anerem hat hien de Kampf géint Korruptioun an eng méi gerecht Verdeelung vum Wuelstand am Senegal versprach.

Wale goufen am Februar kuerzfristeg annuléiert

De Senegal ass zënter Wochen an enger politescher Kris. Ausléiser war de Macky Sall: De senegalesesche President vun de leschten 12 Joer hat d’Wale kuerzfristeg annuléiert. Se sollten am Fong schonn am Februar sinn. Doropshi koum et zou massive Protester, bei deenen och véier Leit em d’Liewe komm sinn.

D‘Verfassungsgeriicht hat dunn agegraff an en neien Datum fir d’ Wale festgehalen: Gëscht waren déi iwwer 7 Millioune Senegaleesen dunn opgeruff hir Stëmm ofzeginn, och zu Lëtzebuerg.

Absolut Majoritéit néideg fir éischt Ronn ze gewannen

No de partielle Resultater, déi d’lescht Nuecht an an de lescht Stonne verbreet goufen, hätt den Diomaye Faye däitlech méi Stëmme wéi de Regierungskandidat a fréiere Premier Amadou Ba. Fir awer an der éischter Ronn d’ Walen ze gewannen, misst ee vun de Kandidaten déi absolut Majoritéit kréien. Ass dat net de Fall kënnt et zu enger zweeter Ronn.

D’Oppositioun wéisst sech awer schonn optimistesch. An de Stroosse vun der senegalesescher Haaptstad Dakar gëtt scho gefeiert.

Oppositioun kritt Manipulatioun virgeheit

D’Walkampfleedung vum Regierungskandidat schwätzt par Conter vu Manipulatioun a seet, am ongënschtegste Fall géif et zou enger zweeter Wal kommen.

Déi offiziell Resultater musse bis spéitstens de Freiden den Owend publizéiert ginn.

Lauschterenplay_arrow