search

/ Presidentin vun der EZB Lagarde net decidéiert iwwer eventuell fréizäitegen Depart

Europäesch Zentralbank

|
headphones

1 min

Presidentin vun der EZB Lagarde net decidéiert iwwer eventuell fréizäitegen Depart

D‘Financial Times hat gemellt, datt d‘Christine Lagarde drun denke géif, hiert Mandat vun aacht Joer net ganz fäerdeg ze maachen, an nach virun de franséische Presidentschaftswalen d‘nächst Joer als EZB-Presidentin zeréckzetrieden.

headphones

1 min

Christine Lagarde | © EPA/CLAUDIO GIOVANNINI
Christine Lagarde (Foto: EPA/CLAUDIO GIOVANNINI)

Der Financial Times no, wéilt d'Christine Lagarde dat maachen, fir datt de franséische President Emmanuel Macron an den däitsche Kanzler Friedrich Merz sech nach virun de Presidentiellen iwwer ee Successeur un der Spëtzt vun der EZB kënnen eens ginn.

D‘Financial Times berifft sech bei där Behaaptung op eng anonym Source déi mat der EZB vertraut ass.