Radioen

On air

9 bis 1  |  Doechii - Slide

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Presidentebedruch bei der Caritas: Just virgetäuscht?

Finanzskandal

Presidentebedruch bei der Caritas: Just virgetäuscht?

Eis Recherchë loossen Zweiwel drun opkommen, datt d'Caritas mam Verontreie vun 61 Milliounen Euro Affer vun engem Presidentebedruch ginn ass - eng Thees, déi jo esou vun der Justiz kommunizéiert gouf. D'Fraude schéngt eise Recherchen no mat Insiderwësse vu banne preparéiert an ëmgesat ginn ze sinn.

auto_stories

6 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Michelle Barthel

Februar 2024: D'Finanzdirektesch vun der Caritas kritt iwwert eng privat E-Mail-Adress Uweisungen. Et geet ëm d’Opkafe vun enger Firma (ëm wéi eng, ass eis net bekannt). Well d'Operatioun geheim wier, dierft net mëndlech driwwer geschwat ginn, schreift den Auteur, dee sech als de Generaldirekter vun der Organisatioun ausgëtt. Op den éischte Bléck e klassesche Versuch vun enger Arnaque au président, wou Krimineller sech als Direkter ausginn a probéieren, eng Finanzdirektesch eranzeleeën.

BCEE, BGL a BBVA

No der Uweisung ordonéiert d'Finanzdirektesch déi éischt Virementen a Spuenien. Iwwer d'Lëtzebuerger Banke Spuerkeess a BGL op déi spuenesch Bank BBVA. Op all Virement gëtt en Destinatär uginn, deen awer net de Proprietär vun de spuenesche Konten ass. D'Finanzdirektesch weess dat. Hire Finanzservice gëtt bei de Virementen op verschidde spuenesche Konten eng tierkesch Partnerassociatioun un, oder Caritas Internationalis, den Daachverband vun der Organisatioun. Natierlech sinn déi net Titulaire vun deene Konten a Spuenien. Wien de richtegen Destinatär vun de verschiddene Konten ass, ass eis net bekannt.

Finanzexperte soen eis, et wier fir si net nozevollzéien, wéi déi implizéiert Banke bei iwwer 120 Viremente systematesch hätte kënnen iwwersinn, datt d'IBAN-Nummer an den Titulaire vum Konto net iwwertenee gestëmmt hunn. D'Verhale vun de Lëtzebuerger Banke gëtt vun der CSSF analyséiert, wéi mir dat den 1. August gemellt hunn.

Aktiv Roll wärend fënnef Méint

D'Finanzdirektesch ass wärend fënnef Méint a Kontakt mat engem falsche Marc Crochet a mat vermeintlechen drëtte Persounen, déi um "geheimen" Dossier schaffen. Mat den drëtte Persoune soll si souguer telefonéiert hunn.

D'CFO mécht och alles, fir datt d'Transaktiounen a Spuenie geléngen. Vis-à-vis vu jidderengem, deen nofreet, erfënnt si Geschichten. Zum Beispill, datt d'Caritas dëst Joer nach keng Sue fir déi international Projete vum Ausseministère kritt hätt.

Momentum fir d'Fraude

Wéi d'Verontreie vun de Suen am Februar 2024 ufänkt, si vill intern Konditioune beieneen, déi de Bedruch grad elo méiglech maachen. An den nächste Méint solle Recommandatioune vun engem externe Consultant ëmgesat ginn, fir d'Gestioun vum Finanzdepartement ze verbesseren.

Eng Recommandatioun vum Consultant ass, datt d'Kontestänn mussen all Trimester virgeluecht ginn (dat gëtt et esou an der Caritas nach net), an datt d'Prozedure musse komplett digitaliséiert ginn. De Projet fir d’Ëmsetze vun der Digitaliséierung war scho virun der externer Consultance an Ugrëff geholl, awer ëmmer erëm retardéiert ginn - ënnert anerem, well d'Finanzdirektesch argumentéiert huet, hiren Departement hätt net genuch Ressourcen. Wieren déi verschidde Mesurë schonn ëmgesat gewiescht, wier d'Fraude esou net méi méiglech gewiescht.

An de Méint virun der Fraude reduzéiert d'Finanzdirektesch d'Accèse vun anere Mataarbechter op déi jeeweileg Comptabilitéitsprogrammer. Mataarbechter:innen, déi als kritesch a gewëssenhaft beschriwwe ginn, verloossen an der Zäit virun der Fraude de Finanzdepartement. Am Februar, wéi et lass geet, ass eng laangjäreg Mataarbechterin am Krankeschäin. Eng aner huet gekënnegt an huet hire leschte Schaffdag, ier den éischte Virement gemaach gëtt.

An de Méint virun der Fraude gëtt och déi gängeg Praxis fir d'Exekutioun an d'Kontroll vun de Viremente geännert. Och heibäi spillt d’Finanzdirektesch eng Roll.

Egal wéi bleift awer ze klären, firwat aner Prozeduren et net erlaabt hunn, d'Fraude intern ze detektéieren.

Konflikter an der Vergaangenheet

D'Finanzdirektesch gëtt als ambitiéis beschriwwen, och schonns an hirer Zäit virun der Caritas. Si wier calculéiert, an net naiv, soe Leit, déi si gutt kennen. Si ass 2019 bei der Caritas agestallt ginn. Si soll net frou gewiescht sinn, wéi d'Direktioun ronderëm de Generaldirekter Marc Crochet vergréissert gouf. Enn 2022 gouf et e Konflikt, well de Budget fir 2023 net mat Zäiten opgestallt war. Doropshi krute méi Leit op verschiddenen Niveaue mat, datt der Finanzdirektesch hir Aarbecht kritesch gesi gouf. Dat ass och de Grond, wisou den externe Consultant engagéiert gouf, fir Recommandatiounen ze maache fir de Finanzservice besser opzestellen.

Wéi mir dat scho gemellt hunn, war dat keen einfachen Exercice fir d'Finanzdirektesch, déi am Rapport duerch Aussoe vu Mataarbechter:innen ze spiere kritt, datt un hire Kompetenzen an un hirem Féierungsstil gezweifelt gëtt.

Justiz schéngt der Fra ze gleewen

D'Caritas hat de 16. Juli eng Plainte géint hir Finanzdirektesch agereecht. Si war doropshin international gesicht ginn an hat sech de Weekend vum 20. Juli der Lëtzebuerger Justiz presentéiert fir verhéiert ze ginn. Si argumentéiert eisen Informatiounen no op eng Arnaque au président eragefall ze sinn. Si gouf inculpéiert, ass awer net an Untersuchungshaft komm, an de Parquet huet och virun enger Woch an engem Communiqué matgedeelt, datt déi frauduléis Viremente "ganz warscheinlech" e Lien hätten zu enger Arnaque au président.

Nieft der Inculpatioun vun der Finanzdirektesch gëtt géint Onbekannt enquêtéiert. Et ass also méiglech, datt nach weider Persounen inculpéiert ginn. An der Enquête wäert et vill ëm d'Fro goen, wien alles Auteur an Affer vun der Fraude ass. An ob et Komplize goufen.

Eng Fro vun der Plausibilitéit

Persounen, déi no um Dossier sinn, froe sech, wéi et ka sinn, datt d’Finanzdirektesch wärend fënnef Méint net gemierkt hätt, datt si mat engem falsche Marc Crochet a Kontakt war. D'Finanzdirektesch hätt dat missen erkennen, well si mam richtege Marc Crochet zesummen an der Generaldirektioun ass a si sech och wärend deene fënnef Méint vill begéint sinn.

E klassesche Presidentebedruch flitt no e puer Virementen op, soen Experten. D'Justiz huet selwer an hirem Communiqué vum 6. August geschriwwen, datt bei där Form vu Bedruch üblecherweis eng Urgence invoquéiert gëtt. Déi gouf et hei net. D'Fraude huet fënnef Méint laang gedauert, mat iwwer 120 Virementen. Et gi wuel an dëser Affär eng Rei Instruktiounen, déi op e Presidentebedruch hiweisen. Mee d'Fro drängt sech op, ob d'Finanzdirektesch a méiglecherweis aner Persounen, déi un der Exekutioun vun allen Operatiounen direkt bedeelegt waren, ageweit waren.

Den Affekot vun der Finanzdirektesch sot eis, fir hie wier seng Cliente "net à l'origine" vun der Fraude. A si hätt iwwerhaapt net dovunner benefisséiert. (Aus Transparenzgrënn weise mir drop hin, datt de Maître Pierre Reuter Member vum Verwaltungsrot vum radio 100,7 ass. D'Gesetz vum August 2022 iwwert de Média de Service Public 100,7 definéiert, datt d'Redaktioun onofhängeg ass, och par rapport zum Verwaltungsrot.)

Fir dës Recherche hu mir mat enger ganzer Rei gutt informéierte Persoune geschwat, déi wéinst dem sensibele Charakter vum Dossier net kënne mam Numm genannt ginn.

Esou laang wéi et kee rechtskräftegt Urteel vun engem Geriicht gëtt, gëllt d'Présomption d'innocence.

Lauschterenplay_arrow