Et wier dem Premier Luc Frieden no wichteg d’Data Souveränitéit net ganz China oder den USA ze iwwerloossen an duerfir hätt ee sech wëlle mat deem gréissten Acteur an Europa zesummesetzen. MISTRAL AI soll dem Staat hëllefen, méi effikass ze schaffen. Sou zum Beispill bei der Ëmsetzung vun EU-Direktiven. D’Nexus Konferenz, déi haut a muer Entreprisen a KI-Experten aus der ganzer Welt zesumme bréngt wier een Zeechen, datt Lëtzebuerg sech oppe weist fir Fortschrëtt, esou nach de Luc Frieden
arrow_back_ios
search
Franséisch Kënschtlech Intelligenz
|Premier Luc Frieden annoncéiert Zesummenaarbecht mat Mistral AI
De Premier Luc Frieden huet um Dënschdegmoien op der KI-Konferenz Nexus um Kierchbierg eng Partnerschaft mat der franséischer Firma Mistral AI ugekënnegt. Mistral AI soll eng Schlësselroll an der Entwécklung vun der Kënschtlecher Intelligenz an technologescher Innovatioun zu Lëtzebuerg spillen.
Arthur Mensch, CEO vu Mistral AI a Premier Luc Frieden (Foto: ME)