2022 an 2023 ware kreativ Jore fir d’Clémentine March, déi tëschent Frankräich an England lieft. An hirer aktueller Heemecht London huet si Musekerinnen a Museker kennegeléiert, déi zu de spannendsten Nimm vun der brittescher Indie-Zeen zielen: d’Naima Bock, d’Dana Gavanski, den Alabaster DePlume an d’Band Tapir!.
Syntheeteschen 80er-Pop als eng vu villen Inspiratiounen
Dat gemeinsaamt Musizéieren an Touren huet d’Clémentine March därmoossen inspiréiert, datt si sech zum Deel bal "iwwerstimuléiert" gefillt hätt, wéi si am Interview mam 100,7 erzielt huet.
Dohier och den Titel "Powder Keg", wat esou vill heescht wéi Polverfaass.
"Powder Keg" verweist ausserdeem op en Zitat aus dem 1983er Hit "Total Eclipse of the Heart" vun der Bonnie Tyler, dat d’Clémentine March op hirer leschter Tournée gecovert hat.
E brasilianeschen Afloss
De syntheetesche Pop vun deem Joerzéngt ass tatsächlech den eenzege Genre, dee sech an den 12 Titele vu "Powder Keg" net erëmfënnt. Hei dominéieren déi verzerrte Gittaren, déi un Nirvana erënneren, awer och Bléiser a Straicher, wéi ee se aus dem Chamber Pop kennt.
D’Clémentine March vermëscht op hirem drëtten Album onbeschwéiert all Sproochen a Genren, déi si an hirem Liewe begeeschtert hunn. Si huet mat klassescher Gittar ugefaangen an esou hiren Interessi fir brasilianesch Musek entdeckt.
Zwee Joer huet si selwer a Brasilie gelieft an zu Rio studéiert. Den Titel "Lixo Sentimental" ass en Hommage un déi legendär brasilianesch Musekerin Rita Lee, déi 2023 verstuerwen ass.
Déi grouss Melodien aus der traditioneller brasilianescher Musek treffen hei op ongehuwwelt Gittarriffs, franséisch Chanson ("Les années", "Le temps qu’il faut bien") trëfft op Krautrock an op verdreemt alternativ Mantraen, wéi "After the Solstice" oder "The Power of your Dreams".
Ganze Release elo am Januar
Besonnesch remarkabel ass, datt d’Clémentine March beim Experimentéieren ni hire Publikum vergësst an hir Spillfreed op direktem Wee un eis weidergëtt.
"Powder Keg" ass e ganz villverspriechende Start an d’musikalescht Joer 2026 an en Album, deen ee sech bestëmmt och nach 2027 gären opleet.
Den Album "Powder Keg" kënnt e Freideg, den 9. Januar 2026, offiziell eraus. Et ass awer elo scho méiglech, an déi éischt Singelen eranzelauschteren.