Radioen

On air

Notturno  |  Yo La Tengo - Stockholm Syndrome

play_arrow Live
search

/ Populismus an Europa: Jean-Claude Juncker hofft op de gesonde Mënscheverstand

Interview mam fréiere Premier

Populismus an Europa: Jean-Claude Juncker hofft op de gesonde Mënscheverstand

De fréiere Premier a Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker feiert haut um 9. Dezember säi 70. Gebuertsdag. Zanter datt hie politesch net méi aktiv ass, huet sech an der Welt awer vill gedoen. Am 100,7-Interview huet den Éierestaatsminister seng Analyse mam Maurice Molitor gedeelt.

auto_stories

4 min

headphones

13 min

© picture alliance/dpa | Harald Tittel play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Harald Tittel

Gebuertsdag hu wier eppes, wat hien net emotional géif stëmmen. Dat huet de Jean-Claude Juncker am Interview mam Maurice Molitor direkt kloergestallt. Hien hätt ni eng speziell Relatioun zu sengem eegene Gebuertsdag gehat, schliisslech wier et jo och net säin eegene Merite gewiescht, datt hien op d'Welt koum, mee dee vu senger Mamm.

Syrien: Et dierf ee sech net ze fréi freeën

Och mat 70 Joer beschäftegt sech de Jean-Claude Juncker awer mat der Politik. Wat déi rezent Entwécklungen a Syrien ugeet, wier hie frou, datt de Schrëtt a Richtung mënscherechtlech Normalitéit gemaach wier. Och wann hien d'Regioun net extreem gutt géing kennen:

"Ech kenne se gutt genuch fir ze wëssen, datt näischt esou geet, wéi et sech ofzeechent.”

Deeler vun de Pro-Assad Leit wieren nach ëmmer am Land, gëtt den Ex-Premier ze bedenken. Et misst een dofir ee bis zwee Joer ofwaarde fir sécher ze sinn, ob ee sech an déi richteg Richtung beweegt oder net.

Kloer ass awer, datt d'EU dem Land beim Neesopbau elo hëllefe muss. Europa dierft net op der Säit stoen a just nokucken, betount de Jean-Claude Juncker. Hie beschreift Syrien als ee groussen a wichtegen Acteur an enger onstabiller Regioun.

Jean-Claude Juncker gesäit Haftbefeel géint Netanjahu kritesch

Zu dësem onstabillen Zoustand dréit natierlech och den Noost-Konflikt bäi. Politesch Responsabel am Westen di sech dacks schwéier, d'Roll vun Israel kritesch ze kommentéieren. Net awer de Jean-Claude Juncker. Hie betount, datt de Massaker vun der Hamas ënner kengen Ëmstänn akzeptabel gewiescht wier, an datt dofir och Israel d'Recht gehat hätt, sech ze wieren. Mee mat Bombardementer weiderzefueren, an dat op zivil Infrastrukturen, bei deenen och Kanner ëm d'Liewe kéimen, dat wier net am Sënn vun enger Pacificatioun, esou de Jean-Claude Juncker.

Den Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag huet jo virun e puer Wochen een internationalen Haftbefeel géint de Benjamin Netanjahu erlooss. Datt awer verschidde Länner elo scho soen, datt si deen net respektéiere géifen, fënnt de fréiere Premier net gutt. Hie bezweifelt allerdéngs och, ob et esou hëllefräich war, deen Haftbefeel auszeschwätzen.

Europa muss selbstbewosst optrieden

Eriwwer an d'Ukrain: Den Donald Trump huet ugekënnegt, de Krich bannent e puer Deeg op en Enn ze bréngen. Verschidden Observateure ginn dovun aus, datt dat just méiglech ass, wann d'Ukrain Terrain u Russland oftrëtt. Dat wier awer keng Léisung, betount de Jean-Claude Juncker. Wann et zu engem Waffestëllstand oder Friddensvertrag sollt kommen, dann dierft dat net zu Gonschte vu Russland sinn. Aus haiteger Siicht dierft net vun der Ukrain verlaangt ginn, Terrain u Russland ofzeginn. Et wier ee schlecht Beispill, esou de fréieren EU-Kommissiounspresident.

A propos Trump: Europa misst elo onbedéngt selbstbewosst optrieden an um selwechten Niveau diskutéiere wéi d'USA. De Choix vun den Amerikaner, déi den Donald Trump gewielt hunn, misst ee respektéieren. Mee:

“Ech gehéieren net zu deenen, déi am Eck stinn a gebannt op de Kueder am Wäissen Haus kucken.”

Den Effekt vum Trumpismus kann ee mëttlerweil och an Europa gesinn, mat populistesche Parteien, déi ëmmer méi Zousproch gewannen. Wa Leit einfach Äntwerten op komplizéiert Froe kréichen, da géing de Populismus sech mat héijem Tempo verbreeden, esou de Jean-Claude Juncker. An deem misst ee sech an de Wee stellen. Dobäi setzt de fréiere Premier op de gesonde Mënscheverstand. "Dee misst jidderengem weisen, datt dee Wee, dee vun de Populiste virgewise gëtt, dee falschen ass."

Europäesch Memoirë sollen 2025 publizéiert ginn

Dem Jean-Claude Juncker seng europäesch Memoirë sollen iwwerdeems d'nächst Joer publizéiert ginn. Als Inspiratioun koumen d'Memoirë vun der fréierer Bundeskanzlerin Angela Merkel elo grad richteg eraus. Hie selwer hätt d'Buch och, esou de Jean-Claude Juncker. Vill dra gelies huet hien awer nach net.

Als éischt géing hien alles liesen, wat den Euro betrëfft, well hien och selwer doriwwer schreift. Dacks ernimmt gëtt hie beim Theema Euro awer net. Dofir war d'Meenungsverschiddenheet op deem Punkt mat der Angela Merkel ze grouss. Ëmsou méi grouss ass dem Jean-Claude Juncker seng Roll, wann et ëm d'Flüchtlingskris geet. Mee u sech wéisst hie jo, wat am Buch steet, schliisslech war hie jo selwer dobäi, esou nach den Éierestaatsminister.

Lauschterenplay_arrow