54 Prozent vun all de Bierger:innen am Grand-Duché sinn der Politik géintiwwer mësstrauesch agestallt sinn. 35 Prozent vun de Lëtzebuerger:innen am Alter tëscht 18 a 24 Joer mengen net, datt d'Demokratie déi bescht Regierungsform wier. Doriwwer huet de Chamberpresident Claude Wiseler sech besonnesch schockéiert gewisen.
Beonrouegend Resultater
Dat géif, sot den CSV-Politiker, beweisen, datt d’Demokratie kee Selbstleefer wier. Dobäi kënnt nach de Fakt, datt sech en Drëttel vun de Lëtzebuerger:innen an den net-Lëtzebuerger:inne léiwer en effikasse Regime wënsche géif, wéi en demokrateschen. De Claude Wiseler spiert sech an deem Kontext als Politiker responsabiliséiert an huet en Appell u seng Politikerkolleeginnen- a kolleegen geriicht, fir sech virun deem Hannergrond Froen ze stellen. Donieft sollt een an der nächster Polindex-Etüd méi an d’Déift goen, fir genee ze wëssen, firwat et sou Positioune gëtt.
Woubäi awer och 77 Prozent vun de Lëtzebuerger:innen an 69 Prozent vun den net-Lëtzebuerger:innen zefridden si mat der Demokratie bei eis a fir iwwer 40 Prozent d’Vollek déi wichtegst Entscheedunge sollt huelen an net d’Politiker.
Auslännesch Matbierger:inne wëlle méi kënne matwierken
D’Lëtzebuerger:innen hunn am meeschte Vertrauen an den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg hunn, dono an d’Arméi, an d’Chamber, an d’Regierung an an de Ministerrot. U leschter Plaz kommen iwwregens déi sozial Medien. Wat d’net-Lëtzebuerger:innen ugeet, kruten si ënner anerem eng Fro gestallt zu hire politesche Rechter am Grand-Duché.
De Prof. Dr. Philippe Poirier, Titulär vun der Chaire de recherche en études parlementaires erkläert, datt déi auslännesch Matbierger:innen, genau wéi d'Lëtzebuerger, ëmmer méi um Funktionéiere vun der Demokratie wëllen deelhuelen. Awer si géifen sech ëmmer nach an enger Tëschesituatioun befannen, well vill vun hinnen net an de Wielerlëschten agedroe wieren, souwuel fir d'Gemenge- wéi och fir d'Europawalen.
D’Etüd gëtt vun der “Chaire de recherche en études parlementaires” vun der Uni Lëtzebuerg gemaach, an Zesummenaarbecht mat der ILRES a mat Ënnerstëtzung vun der Chamber. Fir dës Editioun goufen am Mee zejoert iwwer 1.500 Leit befrot: Bësse méi Zweedrëttel Lëtzebuerger:innen a liicht manner wéi en Drëttel net-Lëtzebuerger:innen.