Radioen

On air

Concert  |  De Rising Star Sào Soulez Larivière

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Police mellt méi Fäll vu sougenanntem „Call ID Spoofing“

Bedruchsmaschen

Police mellt méi Fäll vu sougenanntem „Call ID Spoofing“

D‘Police warnt viru Bedruchsmaschen iwwer Telefon. Si kréiche méi Fäll gemellt an deene Krimineller probéieren u perséinlech Donnéeën ze kommen oder d‘Affer dozou ze bréngen op eng Nummer unzeruffen, déi kascht.

auto_stories

1 min

Online Bedruch | © picture alliance / dpa-tmn | Christin Klose

Bei den Uriff gëtt de sougenannte "Call ID Spoofing” agesat. Et gëtt deemno virgetäuscht, datt den Uruff vun enger lëtzebuergescher Handysnummer aus geet, wat awer net de Fall ass.

D’Police mécht an deem Kontext nach emol den Appell, mësstrauesch ze sinn bei Uriff, déi zu enger séierer Reaktioun drängen, op kee Fall perséinlech Informatiounen oder Donnéeën erauszeginn, an d’Telefonsrechnung ze iwwerpréiwen. Affer vun esou Uriff sollen sech un d’Police wenden.