Radioen

On air

Notturno  |  Schlofardi - Squirky

play_arrow Live
search

/ Police fënnt Läich vu 48 Joer aler Fra zu Téiteng an enger Wunneng

Mann huet Dot zouginn

Police fënnt Läich vu 48 Joer aler Fra zu Téiteng an enger Wunneng

Wéi d‘Police de Sonndeg de Moie mellt, gouf an der leschter Nuecht eng 48 Joer al Fra dout an enger Wunneng zu Téiteng fonnt.

auto_stories

1 min

Police Logo | © picture alliance / BeckerBredel
Police Logo (Foto: picture alliance / BeckerBredel)

Dat nodeems géint hallwer 4 de Sonndeg Moien d‘Police an der Stad op een 61 Joer ale Mann getraff ass, deen zouginn huet, seng Fra ëmbruecht ze hunn.

De presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.