De Philippe Schrantz appelléiert zéng Deeg virun de Walen un d’Politik, datt de Rekrutéierungsplang vun 2019 misstweidergefouert ginn. Och d’ Verwaltung misst wuessen, mee d’ Bürosgebaier wierenal an ze kleng.
D'Aarbechtsfeld vun der Police wier am gaangen ze changéieren, d’Kriminalitéit verlagert sech ëmmer méi an d’ Digitaalt, ënnersträicht de Philippe Schrantz.
"Déi digital Medie verstoppe weider Phenomener, wou ee leider muss dovun ausgoen, datt se an Zukunft nach an d’ Luucht ginn: Cybermobbing, Beleidegungen, Hatespeech oder Pedopornographie fir just dës ze nennen. Fir deene spezifesche Phenomener nozekommen, musse mer eise Service konsequent opstocken an technologesch adequat equipéieren."
"Challengë fir d'Zukunft"
Et géifen och ëmmer méi Spezialisten an alle Beräicher vun der Police Judiciaire gebraucht ginn. Déi missten awer nach fonnt ginn. "Alles Challengë fir d'Zukunft", ënnersträicht de Philippe Schrantz.
D’Police wier kuerz virun de Wale vill an de Noriichten. Deels wier dat selwer verschëlt seet de Generaldirekter vun der Police. Rezent gouf ee Fall vu Policegewalt um Büro op der Gare bekannt, nodeems véier Polizisten an Untersuchungshaft koumen.
Op Nofro hi wollt de Generaldirekter déi Affär, déi Enn Juli publique gouf, net kommentéieren. Et wier ze kuerz virun de Walen dorop anzegoen.