Den neie Chef wier och doru gehënnert ginn, säi Büro ze betrieden. Déi nei proeuropäesch Regierung vum Donald Tusk huet gëschter déi komplett Leedung vun der Tëleeschaîne TVP, vum polnesche Radio a vun der PAP eraus gehäit. Déi nei Regierung geheit hinne vir, si hätten an de leschten aacht Joer ënnert der PiS-Regierung Propaganda verbreet. Och international Organisatiounen haten déi eesäiteg Berichterstattung vun den ëffentlech-rechtleche Medien a Pole kritiséiert. D‘PiS selwer protestéiert géint dës Neiorganisatioun a schwätzt vun engem Coup d‘Etat an enger Attack op Demokratie a Pressefräiheet.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Polen: Kampf ëm déi ëffentlech Medie geet virun
Medien
Polen: Kampf ëm déi ëffentlech Medie geet virun
Ronn eng Dosen Deputéierte vun der ofgewielter nationalkonservativer Regierungspartei PiS hunn d‘lescht Nuecht am Gebai vun der Noriichtenagence PAP verbruecht, mellt déi privat Tëleeschaîne TVN24.
auto_stories
1 min