Déi sougenannten „Artikel 7 Prozedur“ kann um Enn dofir suergen, datt ee Land säi Stëmmrecht bannent der Europäescher Unioun verléiert. Géint Polen leeft si schonn zanter bal sechs Joer.
D’Land waart nach ëmmer op Milliarden EU-Suen, zum Beispill aus dem Corona-Hëllefsplang, déi wéinst dem Ëmbau an der Justiz agefruer gi waren.
Memberlänner a Kommissioun reagéiere positiv
Elo awer gëtt et Hoffnung. De polnesche Justizminister Adam Bodnar koum gëschter op Bréissel mat engem Aktiounsplang an der Täsch, deen an Etappe beschreift, wéi déi polnesch Justiz nees kann onofhängeg ginn.
Den éischte Reaktiounen no huet hien domat d’Vertrieder aus deenen anere Memberlänner beandrockt. Sou zum Beispill och déi belsch Ausseministerin Hadja Lahbib
„Nous avons acceuilli cela avec beaucouop d’esprit positif. Un esprit positif que nous avons remarqué d’ailleurs chez l’ensemble de nos membres.“
Rechtstaat restauréieren mat rechtsstaatleche Moyenen
Als positiv Punkten aus dem polnesche Plang nennt si, datt Riichteren net méi vun der Politik un der Muecht genannt ginn an och, datt Polen sech wëll dem Europäesche Parquet uschléissen.
Positiv Reaktioun och an der Kommissioun, déi de Plang realistesch nennt, erkläert d’EU-Kommissär fir EU-Wärter, Vera Jourova.
„De Plang kann dozou féieren, datt d’Art7 Prozedur clôturéiert gëtt, ma et gëtt nach vill ze dinn, well déi Lescht vun de Bréch géint EU-Critèrë ganz laang ass. Alles dat muss geléist ginn.“
Och de Justiz-Kommissär weist sech beandrockt. Den Didier Reynders schwätzt awer och vun enger Erausfuerderung.
„Mir mussen de Rechtsstaat nees hierstellen an dobäi de Rechtsstaat respektéieren.“
Effektiv wäert et a Polen net einfach ginn, all déi Reformen am Kader vun den aktuelle Gesetzer ëmzesetzen, och en vue vum polnesche President, dee géint déi Pläng ass.
Eng Première an der EU
D’Staatsministerin fir Europa am däitschen Ausseministère Anna Lührmann schwätzt vun enger historescher Aufgab.
“Wie schafft man es, die Rückschritte, die vorher gegangen worden sind, mit rechtstaatslichen Mitteln wieder aufzuräumen. Da gibt es keine Präzedenz. Und deshalb stehen wir Polen da wirklich bei der Seite, das so zu machen, dass es auch ein Modell ist für künftige Entwicklungen der Art, die wir auch in anderen Ländern sehen würden.”
Polen hofft, datt ee scho bis Mee, wann d’Land säin 20. Gebuertsdag als EU-Member feiert, kéint aus der Artikel 7 Prozedur eraus sinn.
D’Kommissioun muss elo eng Evaluatioun virleeën a wollt sech gëscht net op een Datum festleeën. Si géing hoffen, datt dat nach wärend hirem Mandat geschitt, sot d’Vera Jourova. Dat geet offiziell den 31. Oktober op en Enn.