Den Donald Tusk sot do, dass eng staark Europäesch Unioun Polen méi staark kéint maachen. Hien huet och d‘Welt opgeruff, sech ze mobiliséieren fir d‘Ukrain… déi ganz fräi Welt misst d‘Ukrain am russeschen Agressiounskrich ënnerstëtzen.
Mam Donald Tusk geet a Polen d‘Muecht vun der national-konservativer PiS no aacht Joer op en Enn.
Den Donald Tusk war scho polnesche Premier vun 2007 bis 2014. Hie vertrëtt eng pro-europäesch Politik, hien huet versprach, d‘Onafhängegkeet vun der Justiz a Polen ze retabléieren an doduerch EU-Fonge vu 36 Milliarden Euro ze deblockéieren. Hie wëll och den Afdreiwungs-Verbuet a Polen rëm réckgängeg maachen.