Radioen

On air

Moiesstudio  |  Staatsot: Francine Closener schwätzt vun "arrogantem Ëmgang"

play_arrow Live
search

/ Plattform 'Meng Landwirtschaft, Mäi Choix': Ernierungssystem alles aneres wéi nohalteg

Landwirtschaft an Ernierung

Plattform 'Meng Landwirtschaft, Mäi Choix': Ernierungssystem alles aneres wéi nohalteg

Um Welternärungsdag haut huet d‘Plattform „Meng Landwirtschaft / Mäi Choix“ e Bréif un d‘Landwirtschaftsministerin Martine Hansen geschéckt. Am Bréif bedauere si, net op de Landwirtschaftdësch invitéiert ze sinn.

auto_stories

1 min

© Bigstock / leolintang
Foto: Bigstock / leolintang

D‘Plattform, an där 17 ONG‘en an Intressevertriedunge regroupéiert sinn, bedauert doran, datt si bis elo net op de „Landwirtschaftsdësch“ invitéiert gouf, fir iwwert d‘Zukunft vun der Landwirtschaft mat ze schwätzen. D‘Plattform fuerdert elo, op de Landwirtschaftsdësch invitéiert ze ginn, an och op den Ernärungsdësch. 

Eise Landwirtschafts- an Ernierungssystem wier alles anescht wéi nohalteg, an et kéint een net einfach weider maachen, wéi bis elo, esou Plattform „Meng Landwirtschaft / Mäi Choix“.