search

/ Pläng fir méi streng Migratiounspolitik an der EU

EU-Conseil JAI

|
headphones

1 min

Pläng fir méi streng Migratiounspolitik an der EU

D'EU-Inneministere sollen um Méindeg zu Bréissel zesummekomme fir d'Ëmsetzung vum neien EU-Asylpak guttzeheeschen.

headphones

1 min

Léon Gloden (CSV)
Léon Gloden (CSV)

Ënner dem Drock vu rietsen a rietsextreeme Parteien huet d‘EU-Kommissioun eng däitlech Verschäerfung vun hirer Migratiounspolitik proposéiert.

D‘Inneministere sollen sech haut um Méindeg fir déi éischte Kéier iwwer dee ganze Pak, mat dräi Texter, positionéieren.

D‘EU wëllt Arrivéeën a Réckféierunge vu Migrante méi streng encadréieren. Virgesinn ass ënner anerem, datt Migranten an Zentere baussent der EU solle kënnen ausgewise ginn.