Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Hval - Freedom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plang fir eng Victoire: Selenskyj fuerdert Laangstrecke-Rakéiten

Ukrain

Plang fir eng Victoire: Selenskyj fuerdert Laangstrecke-Rakéiten

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj huet um Mëttwochmoien am Parlament zu Kiew den ukraineschen Deputéierte säi sougenannte Plang fir eng Victoire presentéiert. Dee besteet aus 5 Punkten, dorënner d‘Stäerke vun der ukrainescher Verdeedegung an den Zougrëff op ukrainesch Ressourcë wéi Titan a Lithium.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Christoph Soeder
Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soeder

Russland misst dëse Krich verléieren an dofir misst d‘Ukrain endlech Laangstrecke-Rakéite vum Weste kréien, sou nach d‘Fuerderung vum Wolodymyr Selenskyj. Un d‘NATO war et den Appell, an der Ukrain endlech ze invitéieren, nëmme sou kéint de Krich gewonne ginn.

Den ukrainesche President Selenskyj soll och muer um Donneschdeg beim EU-Sommet zu Bréissel dobäi sinn, a soll och do säi Plang fir eng Victoire virstellen.