D‘Geld war fir d‘éischt blockéiert ginn, well Ungarn géint rechtsstaatlech Prinzippie verstouss huet. Am Dezember vum leschte Joer war d‘Kommissioun dunn awer der Meenung, datt Ungarn d‘Konditioune géif erfëllen.
D‘Europadeputéiert hunn der Kommissiounspresidentin von der Leyen virgeworf, sech vum ungaresche President Orbán erpressen ze loossen. Deen hat am Géigenzich gréng Luucht gi fir Finanzhëllefen un d‘Ukrain ze ginn.
Der Parlamentspresidentin Roberta Metsola bleift elo näischt anescht iwwreg, wéi d‘Plainte anzereechen.