search

/ Wanter- oder Summerzäit? Europadeputéierte Peter Liese fuerdert eng Decisioun

Interview

|
reading time

3 min

headphones

10 min

play_arrow

Wanter- oder Summerzäit? Europadeputéierte Peter Liese fuerdert eng Decisioun

Fir oder géint d’Zäitëmstellung? D’Diskussioun ass zënter Jore blockéiert. Mee eng nei EU-Etüd wäert eng nei Dynamik bréngen, dovun ass den EU-Deputéierte Peter Liese iwwerzeegt. Seng Meenung: Dat ganzt Joer iwwert sollt d’Wanterzäit gëllen.

reading time

3 min

headphones

10 min

play_arrow
© EPA/FRIEDEMANN VOGEL
(Foto: EPA/FRIEDEMANN VOGEL)

D’Verkéiersministeren aus de 27 EU-Länner si Schold, datt Millioune Leit an der EU schlecht schlofen, fënnt de Peter Liese. Den däitschen Dokter sëtzt fir d’CDU am Europaparlament a setzt sech zënter Joren dofir an, datt d’Zäitëmstellung ofgeschaaft gëtt.

No Publikaitoun vun Impakt-Analyse mussen d'Länner tranchéieren

Hien huet zesumme mat ronn 50 aneren EU-Deputéiert ee Bréif un déi europäesch Transportministere geschriwwen, déi fir deen Dossier zoustänneg sinn. Mat ënnerschriwwen hunn och d’Tilly Metz vun deene Gréngen an d’Martine Kemp vun der CSV.

Zënter 2018 läit eng Propos vun der Europäescher Kommissioun um Dësch fir d’Zäitëmstellung ofzeschafen. D’EU-Memberlänner si sech doriwwer awer bis elo net eens ginn.

De Peter Liese ass en däitschen EU-Deputéierten a plädéiert fir déi permanent Wanterzäit. | © European Union
De Peter Liese ass en däitschen EU-Deputéierten a plädéiert fir déi permanent Wanterzäit. (Foto: European Union)

D’Europäesch Kommissioun ass am gaangen eng Impakt-Analys ze maachen, dat hat eng Porte-parole e Freideg op eis Nofro confirméiert. Mat de Resultater aus dëser Analys kéint déi heefeg benotzen Ausried vun de Länner "sech net eens ze ginn", geschwënn ewechfalen, fënnt de Peter Liese am Live-Interview an eisem Moiesstudio. 

"Sie haben gesagt, die Kommission hat diesen Vorschlag ja ohne eine eigene wissenschaftliche Auswertung, eine sogenannte Folgenabschätzung, gemacht. Und diese wird jetzt erfolgen in den nächsten Wochen, wird die Kommission das vorlegen und dann fällt die Ausrede weg."

Gesondheetlech Problemer besonnesch am Fréijoer

D’Auer ze dréinen hätt säin Zil - nämlech Energie ze spuere - verfeelt, betount den däitschen Europadeputéierten. 

Den CDU-Politiker weist och drop hin, datt et zënter Joren Erkenntnisser ginn, datt d’Zäitëmstellung gesondheetlech Konsequenzen huet. Déi Problemer géife besonnesch am Fréijoer, wann een eng Stonn manner laang schlofe kann, optrieden.

"Also eine Stunde länger schlafen, das können wir wohl ganz gut. Aber eine Stunde weniger schlafen, das macht vielen Leuten Probleme."

Och wa quasi d'Hallschent vun de Leit heimat keng Problemer huet, misst deen déi aner 50 Prozent awer eescht huelen.

"Deswegen setze ich mich für die Abschaffung der Zeitumstellung ein."

Wanterzäit als permanent Zäit?

Soll d’Zäitëmstellung ofgeschaaft ginn, géing medezinesch gesi villes dofir schwätzen "d’Normalzäit”, also d’Wanterzäit, als déi ze huelen, déi da permanent gëlle soll. 

"Gerade jetzt in der dunklen Jahreszeit, wenn Kinder fünf Monate im Jahr im Dunkeln in die Schule gehen, dann wäre das schlecht für den Biorhythmus und auch für die Erwachsenen ist es gut, wenn morgens ein bisschen Tageslicht da ist. Und deswegen sagen die Ärzte: Lieber die Normalzeit."

D'Diskussioun soll also nees lancéiert ginn. Fir d’éischt muss awer déi nei Etüd vun der EU-Kommissioun um Dësch leien. Bis wéini domat ze rechnen ass, wier nach net kloer, esou d’Kommissiounsspriecherin e Freideg op eis Nofro. 

An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

play_arrow Lauschteren