An der zoustänneger Chamberkommissioun wollt déi gréng Deputéiert Josée Lorsché vun der Ministesch wëssen, ob d'Fronten tëschent der AMMD an der CNS net verhäert wieren. An:
"War versicht ginn, eng Médiatioun an d'Weeër ze leeden? Wat huet de Collège médical notamment gemaach, fir ze vermëttelen tëschent deenen engen an deenen aneren?”
Onkloer ob AMMD bei Quadripartite um Dësch sëtzt
Déi gréng Deputéiert huet nach gefrot, ob net awer virgesi wier fir an Zukunft nees op eng Konventioun zeréckzekommen. D’Ministesch Martine Deprez deelt, wéi si sot, d’Suerge vun der Joseé Lorsché.
"Ech hat de 15. September Reunioune mat hinnen, fir elo ze kucken,wéi mir weiderfueren, well do war jo gewosst, datt déi Konventioun net géif nach eng Kéier signéiert ginn. Si schaffe mat virun an deene fënnef Aarbechtsgruppen, déi ech en place gesat hunn. Si ware bis elo och nach ëmmer an den Enceintë vun der CNS, do wou se representéiert solle sinn, present."
Trotz dem Desaccord mat der Dokteschassociatioun AMMD huet d'Ministesch betount, datt d'AMMD bis ewell iwwerall do representéiert wier, wou se dat misst sinn. Et wier ze kucken, ob si och de Mëtteg bei der Quadripartite um Dësch sëtzt.
Op der Reunioun mat Vertrieder vum Staat, de Sozialpartner an de Prestatairë geet et ëm de finanziellen Zoustand vun der CNS.
D'Patiente sollen am Idealfall näischt dovu matkréien: Vum 1. November u sinn d’Relatiounen tëschent Dokteren an CNS per Règlement grand-ducal gereegelt, an net méi iwwer eng Konventioun, déi d’CNS mat enger Vertriedung vun den Dokteren ausgehandelt huet.
Wat ass den Hannergrond?
D’Martine Deprez (CSV) erkläert ëmmer nees, datt si den Inhalt vun der aler Konventioun an hirem Règlement grand-ducal een zu eent iwwerholl hätt, ouni Modifikatiounen.
Trotzdeem hat de Staatsrot nach Kriticken um Text geäussert, deenen d’Gesondheetsministesch elo mat enger iwwerschaffter Versioun wëllt Rechnung gedroen hunn. D’AMMD hat d’Konventioun mat der CNS Enn Oktober 2025 mat engem Preavis vun engem Joer gekënnegt fir Drock op de Gesondheetsministère ze maache fir d’Medezin méi staark ze liberaliséieren, wéi bis elo vun der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez geplangt.
Déi aktuell Konventioun leeft nach bis Enn Oktober. Duerno trëtt de Règlement grand-ducal vun der CSV-DP-Regierung a Kraaft.
D’AMMD huet bis zum Schluss refuséiert eng nei Konventioun ze ënnerschreiwen, well si op anere "politeschen Dossieren" keng Satisfaktioun kritt hätt, esou d’Dokteschvereenegung.
Mee och de Wiessel vun enger Konventioun zu engem Règlement grand-ducal huet d’AMMD kritiséiert. Dat géif zu enger Staatsmedezin féieren, fir déi d’Regierung sech da wuel un Nordkorea oder Kuba inspiréiere misst, hat et deemools vun der AMMD an engem Schreiwes geheescht.